
© Patrick Greis
Deen een oder aneren huet bestëmmt e faarwegen Teppech vum Guy Aach doheem leien. Awer d'Zäit vum 'Tapis Hertz' als Ulafplaz fir Orientteppecher ass 'tempi passati', an de Guy Aach huet d'Pensioun. 2024 ass déi 78 Joer al Familljegeschicht auserzielt gewiescht. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel awer och u seng Karriär als President vum jiddesche Consistoire an als Generalkommissär vun der FNEL erënnert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 gëtt de Guy Aach zou, dass en knéckeg ass, awer driwwer nogeduecht hat sech e Fliger ze kafen. Hien erënnert sech vage u säi 50. Gebuertsdag, wou hie mat enger Bauchdänzerin gefeiert huet a gëtt drun erënnert, dass hie Judo an Aikido gemaach huet, an dat u senger Fra ausprobéiert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen