De Guy Aach kann a senger wuelverdéngter Pensioun zefridde sinn mat deem wat hien erreecht huet. Mat 'Tapis Hertz' huet hien d'Orientteppecher op Lëtzebuerg bruecht déi hien op der Plaz selwer erausgesicht hat a gutt gehandelt huet. 1985 gouf hien Consul honoraire an 1998 Consul général honoraire vum Nepal. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Trixy Mehlinger och seng Funktioun als Generalkommissär vun der FNEL gesträift a privat Geschichten ugeschnidden. Piano: Marc Schmidt

18-10-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Aach (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Christine Majerus. Déi 7fach Sportlerin vum Joer verréit wéi haart a geféierlech de Vëlossport ass. Den éischte Vëlo huet se vum Brudder iwwerholl. Et geet ëm den éischten Kontrakt awer och d'Zäit tëscht de Courssen, déi net glamouréis ass a wou et och emol am Bus eran drëpst. D'Christine erënnert drun wéi se vun engem Auto ugestouss ginn ass, firwat se schlussendlech näischt mat Ëmwelt an Natur gemaach huet an elo ganz am Déngscht vun der Arméi steet. Et geet ëm eng witzeg Doppingkontroll, gutt Iessen, schéin Kleeder an d'Party am Katar. 

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen