Genee wéi beim Mënsch, geet et net just duer eng Pëll oder soss e Medikament anzehuelen, an de Misär huet en Enn. Et muss ee fir d'éischt eng Recherche no den Ursaache maachen an déi da bekämpfen. An dësem Fall hat d'RTL Déierendoktesch Romi Roth Gléck an hat den Ausléiser vum Misär séier fonnt.

D´Finny hat, wéi seng Leit et bei eis bruecht hunn, schonn eng Rëtsch veterinärmedezinesch Prozeduren hannert sech. Well déi 5 Joer al Collie-Mudder rezidivant ganz faul aus der Schnëss gemëffelt huet, war hatt scho bei méi Kolleeginne gewiescht, déi dunn och di klassesch Ursaache fonnt a fachlech perfekt ewech behandelt hunn. Mä et war wéi verdäiwelt: De schreckleche Mondgeroch ass ëmmer nees erëmkomm. Fir t´éischt, wat guer net vu Muttwëll war, war emol säi Gebëss an d´Rei bruecht ginn.

Meeschtens ass et domat jo dann awer och gedoen.

Der aarmer Mudder hier iewescht Baken- an ënnescht Wäisheetszänn waren därmoosse faul entzünt, dass d´Finny dowéinst och eng karabinéiert Entzündung vu senge Mandelen an de Spautdrüsen hat. Nodeems seng Salle-à-Manger sanéiert war, huet et fir eng Zäitchen net méi weider geroch. Wéi de verwerfleche Geroch erëm do war, gouf dunn emol eng vu senge Sténkdrüsen, un där et ëmmer geleckt huet an déi schonn e puer Abcèsen gemaach hat, ewech operéiert. Wéi dovunner d´Fiedem gezu goufen, huet dem Finny säi Meeschter sech un eppes erënnert: iert dat ganzt Gemëffels lass goung, hat hatt eng fatzeg Schank, déi een him ewechhuele wollt, op ee Siess verschléckt! Zwar hat een dat Déngen dunn nach eraus gezu kritt. Mat Kontrast-Röntgen an och mam Endoskop war awer ze gesinn dass dem schéine Rassenhond säin 'Oesophage' evident gelidden hat. Dem Finny seng Schléckstrass war op enger Plaz an der Mëtt vum Hals ausernee gebratscht mat engem Divertikel an deene Fudderreschter ze faule louchen. 

Eng Therapie déi den 'Oesophage' mat Medikamenter nees zesummegezunn huet an ee Gestell fir dem Mupp säin Iessen héich ze stellen, huet de Gallem an e puer Woche fir ëmmer ganz verschwanne gedoen.