D'Wuert „Hond“ steet op der Tafel. An der zweeter Rei gëtt de Schüler aus dem zweete Schouljoer sech vill Méi. Mee méi ewéi „Huns“ kënnt em net iwwer d'Lëpsen. D'Klass kickelt, de Jong gëtt rout am Gesiicht. Wat do schifgelaf ass, verlaangt confirméiert kuerz dono en Test – Dyslexie.

16/10/2025 Mr Science - Dyslexie

 Mee wat ass dat eigentlech, Mister Science?

Dyslexie ass eng Léierstéierung. De betraffene Kanner fält d'Liesen an d'Schreiwen däitlech méi schwéier ewéi hire Klassekomeroden. Se brauche méi laang, fir Buschtawen ze erkennen, stolpere beim Virliesen oder verwiessele Wierder. An dat onofhängeg vun Intelligenz a Fläiss. Tëschent fënnef an zéng Prozent vun all de Kanner sinn dovunner betraff. Jongen iwwregens zwee Mol méi heefeg ewéi Meedercher. Allerdéngs ass et nach net kloer, ob dat biologesch Ursaachen huet oder ob Meedercher d'Schwieregkeet einfach besser kompenséiere kënnen.

A wéi erkennt een, ob e Kand betraff ass?

Mat speziellen Tester. Bei deene geet et net nëmmen ëm d'Virliesen. D'Kanner mussen zum Beispill och Wierder noschwätzen oder allkéiers zwee Wierder fannen, déi openee reimen, fannen. Fachleit kënnen esou erkennen, ob d'Verbindung tëschent Héieren a Schrëft klappt – wéi gutt d'Kanner also Lauter erkennen a mat Buschtawe verknëppe kënnen. Zu Lëtzebuerg gëtt et an Tëschenzäit dofir eege Verfaren, déi och d'Méisproochegkeet berücksichtegen. Well Schwieregkeeten an enger Sprooch deiten net onbedéngt direkt op eng Liesstéierung hin. Se kënne sech och einfach aus de sproochlechen Ënnerscheeder erginn. Mam LuxLeseTest soll méi genee ënnerscheet ginn, ob e Kand tatsächlech vun enger Dyslexie betraff ass oder ob et just méi Zäit brauch, fir déi eenzel Sprooche sécher ze beherrschen.

Weess een eigentlech, wou Dyslexie hierkënnt?

D'Ursaache leien am Gehier an et handelt sech ëm e komplext Wiesselspill aus neurobiologeschen a geneetesche Facteuren. Beim Liese schaffen normalerweis méi Zonen am Gehier zesummen. Eng erkennt d'Wuertformen, eng aner verbënnt d'Lauter mat Buschtawen an eng drëtt hëlleft beim Matschwätzen am Kapp. Bei Dyslexie ass dat Zesummespill holpereg, well de Prozess manner effikass ass. Dat kann een och op de Scanner-Biller vun der Gehieraktivitéit beobachtengesinn. Datt sech d'Gehier op esou eng Aart a Weis entwéckelt, läit warscheinlech zum Deel an de Geenen. Well Dyslexie trëtt a muenche Famillje méi heefeg op.

A wat kann een dogéint maachen?

Dat Wichtegst ass, d'Kanner fréi ze fërderen. Effikass Methode setzen op e systemateschen Training vun de Lauter a Buschtawen. Dat kascht Zäit a Gedold. Mee wat een éischter ufänkt, wat een d'Schwieregkeete besser an de Grëff kritt. Wichteg ass och, datt d'Kanner net d'Gefill kréien, méi domm ewéi déi aner ze sinn. Se brauchen nëmmen aner Weeër, fir zum Liesen ze kommen. Zu Lëtzebuerg spillt d'Méisproochegkeet eng besonnesch Roll. Wéi staark se de Verlaf vun der Dyslexie wierklech beaflosst, ass nach net eendeiteg gekläert. A genee dowéinst bleift et spannend an der Fuerschung.