Geschicht war an der Schoul ganz dacks e langweilegt Fach well een vill Joreszuelen huet missten auswenneg léieren, a well se och meeschtens dréchen eriwwer bruecht gouf. Stellt Iech einfach emol vir, de Wigald Boning an den Eko Fresh géifen d'Roll vum Proff iwwerhuelen an op Platzen goen wou Geschicht geschriwwen gouf, da wier dat natierlech eppes ganz aneres, an dofir heescht e neit Format op RTL Nitro 'Die Geschichtsjäger 2.0'