© RTL
Et ass bal 2 Joer hier dass et déi lescht MMA Fightnight gouf, an den Owend ginn d'Spectateuren zu Köln nees zum Staunen bruecht.
Am Haaptmatch kämpfen den MMA-Champion Christian Eckerlin an den Ivica Trušček mateneen. Den Eckerlin freet sech, dass dësen Fight live op RTL gewisen gëtt.
Versprach ginn Spannung, Adrenalin a vill Emotiounen an enger Atmosphär déi elektriséiert. Et gëtt geschwat vun de modernen Gladiatoren, déi een matrappen, an alles ginn fir ze gewannen.
Um 22h45 geet et den Owend lass op RTL. LIVE ass een derbäi wann grouss Leeschtungen gebuede ginn, wann ee gesäit wéi et wéi deet, mee et geet och ëm Respekt an en onvergiesslecht Erliefnis. A wien méi iwwer MMA an de Christian Eckerlin wëll gewuer ginn, deem recommandéiert hien selwer eng Serie iwwer hien op RTL+, wou een emol hannert d'Kulissen vum Käfeg gesäit.
Die MMA Fightnight, den Owend um 22h45 op RTL an RTL+, spektakulär an Zeen gesat mat enger grousser Lightshow.