Et gëtt méi spannend an appetitlech Themen wéi Daarmkriibspreventioun. Mee et muss sinn. Wéi sou dacks, wëll den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare och haut eis an d'Gewëssen rieden, an versicht et mat ville Fakten ze beleeën. 

Eng nei amerikanesch Ënnersichung, déi am JAMA publizéiert gouf, huet eng 12.000 Daarmspigelungen ausgewäert. Zwou Gruppen gebilt. Eemol iwwer 4.000 Leit déi tëscht 45 a 49 waren, oder déi zweet Grupp bal 7.500 Leit tëscht 50 a 54 Joer. An enger Koloskopie kann een Virstufen vum Kriibs erkennen, zielen an eventuell ewech maachen. 

Dr Marc Keipes - Daarmkriibspreventioun - Etüd

An hei Zuelematerial dat kloer beluecht ass.

Bei deene Jonken war dat a 35% vun de Fäll a bei deenen iwwer 50järegen bei 40% vun de Fäll schonn do. Schonn méi fortgeschrëtten Tumeuren goufen bei deenen Alen a 4% a bei deene Jonken bal gläich mat 3,8 % fonnt. Hei zu Lëtzebuerg krut een fréier ab 55 Joer d'Méiglechkeet no Blutt am Stullgank ze sichen, an dat ass och elo erofgesat op 45 Joer. Maacht mat. Daarmkriibs ass deen zweetheefegste Kriibs bei Fraen a Männer déi net fëmmen. Fréistufen sinn bal zu 100% ze heelen. Bei der Entdeckung duerch Symptomer heele mer bal keen. Goldstandard ass a bleift Daarmspigelung, dat ass weder sou penibel nach ondiskret wéi d'Leit faerten. Maacht är Preventioun da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - Daarmkriibspreventioun - Fakten