© Patrick Greis
Déi 7fach Sportlerin vum Joer Christine Majerus verréit wéi haart a geféierlech de Vëlossport ass. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet et ëm den éischte Kontrakt awer och ëm d'Zäit tëscht de Courssen, déi net glamouréis ass a wou et och emol am Bus eran drëpst. D'Christine erënnert dru wéi se vun engem Auto ugestouss ginn ass a firwat se schlussendlech näischt mat Ëmwelt an Natur gemaach huet an elo ganz am Déngscht vun der Arméi steet. Et geet ëm eng witzeg Doppingkontroll, gutt Iessen, schéi Kleeder an d'Party am Katar. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Christine Majerus wéi e franséischt Kamerateam hier Probleemer gemaach huet, wéi se d'Schoul geschwänzt huet. Mir héiere wéi schwéier et um Härebierg war, wou se net geschount gouf, a gi gewuer firwat si eréischt mat 18 Joer de Schrëtt bei de Vëlossport gemaach huet.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen