Vu Mëtt vun den 2000er huet een den Numm Christine Majerus ëmmer méi dacks gelies an héieren. 2007, mat 20 Joer huet d'Christine hiren éischten nationalen Titel als Lëtzebuerger Meeeschterin am Eenzelzäitfueren kritt, an duerno goung et Schlag op Schlag. Si huet bis 2024 net manner wéi 43 Landesmeeschtertitele kritt. Am 'Café des artistes' haten den Dan Spogen, Raoul Rooss a Mike Fandel eng Fra vis-à-vis, déi de Vëlo an de Schapp gestallt huet an zimmlech opgeraumt op hier grouss Karriär zréckkuckt. Piano: Marc Schmidt

21-10-2025 RTL-Afterwork: mam Christine Majerus (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Christine Majerus iwwer d''Cool Kids', eng Stroossegang, wou si als Kand Member war. Mir héieren, dass d'Christine als Kand dacks a leschter Sekonn op de Bus gedüüst ass a gi gewuer, wéi eng geféierlech Risiken een ageet fir de Bierg erofzefueren an dobäi de Kapp auszeschalten.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen