Mat Vëloskleedung an engem Casque um Kapp, sou huet een d'Christine Majerus jorelaang kannt. Elo gesäit een si am Casual Dress oder an der Uniform, well si haaptberufflech am Déngscht vun der Arméi steet. Virun zimmlech genee 1 Joer huet déi 1,73m grouss Fra Schluss mat der sportlecher Karriär gemaach nodeem s si 14 Landesmeeschtertitelen op der Strooss, 17 am Zäitfueren an 12 am Cyclocross gewonnen hat. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel awer och an der Kandheet gewullt. Piano: Marc Schmidt

Muer géint 17h15 zielt d'Christine Majerus wat bei hir alles gefléckt a gebitzt ginn ass. D'Christine erzielt wéi se beim TDF eng richteg um Ouer hat a just e Mars hir den néidegen Zockerschub ginn huet. A mir héiere wéi se bei hirem gréissten Exploit am Katar Party gemaach huet. 

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen