
Al a nei Musek, e fonkelneit Lëtzebuerger Videospill an Extremsport ronderëm de Mont Blanc, dat war de Mix vum LIVE! planet people gëschter. Den Olivier Catani hat sech d'Mariette Lentz, den Lasse Matthiessen, Joel Wealer an Tim Karius an d'Sendung invitéiert.

Den Tim Karius ass houfreg beim 'Ultra Trail du Mont Blanc' ukomm ze sinn, Op 2.492 Leefer hunn der 829 opginn an hien war een vun den 1664 déi et um Enn no 174km iwwer d'Ligne d'arrivée gepackt hunn.


Den dänesche Sänger Lasse Matthiessen hat gëscht seng TV Première mat 'Night Train'. 'Stray Dog' war 2007 säin éischten Album. An der Soap 'Verbotene Liebe' konnt een e puer vu sengen Saachen héieren an elo hofft hien op de groussen Duerchbroch mat 'Night Train'


De Joel Wealer huet sech mat sengem eegene Videospill en Dram erfëllt. 'Stash: A Card Looter ass eng Mëschung aus Kaartespill an Autobattler.


D'Mariette Lentz sengt nächste Freideg mam Quartett 'Sing4You' zu Maarnech am Cube 521. Déi professionell Sopranistin an hier 3 Kolleegen presentéieren 'Komm ein bisschen mit nach Italien'. Eng musikalesch Rees an d'50er a 60er Joren.
