Eng geleefeg Reklamm ass déi, wou drop opmierksam gemaach gëtt dass et schwéierfälleg ass schwéier Waasserfläschen ouni Lift bis op den drëtten Stack ze transportéieren. Den Dr Marc Keipes stellt sech haut och d'Fro Glas- oder Plastiksfläsch, an hält do en A op den Gesondheetsaspekt. 

Spontan géinge mir all mengen, Waasser oder anert Gedrénks aus Glasfläschen wäre méi gesond wéi aus Plastiksfläschen. Iwwert d'Resultater waren souguer d'Fuerscher selwer erstaunt an dëser Etüd. Si hunn Glasfläschen, Béchsen a Plastiksfläschen ënnersicht op de Contenu un Mikroplastik. Speziell an de Limonaden Styl Cola an am Béier si vill Mikroplastikstécker fonnt ginn déi a Faarf- an Zesummesetzung deenen vun hire Stëpp geglach hunn. Reiwung beim Transport a Lagerung provozéieren anscheinend deen Ofriff. 

Dr Marc Keipes - Glas oder Plastiksfläsch - Iddi

Elo wier et jo gutt, wann een do eppes duergéingt ënnerhuele kéint.

Relatiivt einfacht botzen vun deem Material kéint dat schonn behiewen. Bis zu 60% manner Mikroplastik kéint duerch dat richtegt wäschen evitéiert ginn. Wat d'Konsequenzen fir déi mënschlecht Gesondheet sinn, ass net ofschléissend gekläert. Och ökologesch maachen Glasfläschen kee Sënn wa se weit geliwwert ginn, well dat méi u Gewiicht mécht dann den Transport erëm sou schiedlech, méi am Fong geholl wéi d'produzéieren a recycléieren vu munche Plastiksfläschen. Déi bescht Léisung zu Lëtzebuerg ass, d'Waasser aus der Leitung. Dat gëtt esou gutt iwwerwaacht an ass och präislech an ekologesch net ze schloen. Mat eisem Waasser bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - Glas oder Plastiksfläsch - Botz