© Patrick Greis
Seng Kandheet huet de Museker an Auteur Robert Steffen zu Wolz verbruecht. Zu Dikrech war hien am Lycée ier hien Germanistik a Romanistik um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an zu Tréier op der Uni studéiert huet. An et gëtt bestëmmt genuch Leit déi hien spéider als Däitschproff zu Ettelbréck, am Lycée Michel Rodange an der Stad oder zu Wolz am 'Lycée du Nord' haten. Am 'Café des artistes' gouf kee Schoulbuch opgeschloen mee den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel hunn a sengem 'Tagebuch' gebliedert an een Kapitel nom aneren duerchgebliedert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Robert 'Gollo' Steffen wien hien den 3ten Mäerz 1973 kennegeléiert huet, an wat sech doraus erginn huet. Mir ginn gewuer wéini den 'Declique' koum fir bei den Texter vum Däitschen op d'Lëtzebuergescht ze switchen a mir ginn gewuer wéi en banalen Ëmstand derzou gefouert huet dass hien Schëffen vun der Gemeng Esch-Sauer gouf.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen