Et ass e Sujet, deen a grousser Reegelméissegkeet um Ordre du jour steet. En Dënschdeg gouf et um Krautmnaart déi xten Debatt iwwer de Logement.

Dës Kéier stoung de Logement am Mëttelpunkt. Déi Lénk haten eng Aktualitéitsstonn ugefrot an den Deputéierten David Wagner huet eng Rëtsch Problematiken ugeschwat. Ënner anerem déi vu Proprietären, déi net op schlecht Wunnkonditioune reagéieren, dann déi vun Diskriminatioune beim Choix vum Locataire oder nach déi vu Mietkontrakter, déi net en Faveur vun de Locatairë sinn.

"Mee vläicht muss een och kucken, fir dofir ze suergen, datt d'Mietverträg méi kloer an explizitt formuléiert ginn, dofir d'Wichtegkeet och vun de standardiséierte Verträg. Wann d'Mietverträg nämlech net kloer genuch sinn, da loosse se d'Dier op fir ganz vill Interpretatiounen."
 
Géint e Contrat-type hätt hien näischt, äntwert de Logementsminister Claude Meisch, ma et dierft näischt imposéiert ginn.
 
Vu ville politesche Säite gouf eng national Mietkommissioun ugeschwat, mat deenen d'Rechter vun de Locatairë kéinte gestäerkt ginn. D'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert huet sou e Gremium dann och via Motioun gefuerdert. Eng Motioun, déi zwar vun der Majoritéit refuséiert gouf, awer net prinzipiell, wéi de liberale Minister Claude Meisch ze verstoe ginn huet. Tatsächlech wieren op deem Punkt Changementer geplangt.

"D'Kommissiounen ze iwwerdenken, ze iwwerschaffen, well egal wat mer hannendru maachen, ouni eng Instanz, déi weder kontrolléiert, déi mediéiert, ass dat anert en zahnlosen Tiger. Mir kënnen an d'Gesetz schreiwen, wat mer wëllen, wa mer net iergendzwousch eis selwer d'Méiglechkeeten ginn, d'Enner beieneen ze kréien tëscht de Proprietären an de Locatairen, eng Objektivéierung tëscht deenen zwee ervirzehiewen."
 
Am Loyersgesetz soll dann och de "Capital Investi" méi kloer formuléiert ginn, deen herno och an de Kontrakt kéint stoe kommen, sou de Logementsminister. Zu engem Loyers-Plafong huet de Claude Meisch nach keng Detailer genannt.Hien huet awer vun engem Mietkadaster geschwat, deen als Basis fir en neit bail-à-loyer-Gesetz kéint déngen.
 
D'Oppositioun wollt vum Claude Meisch wëssen, wou dat Loyersgesetz dann zäitlech drun ass.

De Minister schwätzt  vun engem delikaten Exercice, bei deem ee sech nach déi néideg Zäit misst ginn. Hie kéint sech awer virstellen, datt den entspriechende Projet de loi am éischten oder zweeten Trimester 2026 an der Chamber kéint deposéiert ginn.