Wärend bal annerhallwer Stonn goufen 18 presuméiert Falschaussoe vum fréiere Colonel Aloyse Harpes analyséiert. 

Am Bommeleeër-bis Prozess, wéinst Falschaussoe wärend dem Bommeleeërprozess 2013/14, wollt d’Partie civile a Persoun vun den Haaptugekloten aus dem Bommeleeërprozess, de Jos Wilmes an de Marc Scheer, dräi weider Zeien an d’Spill bréngen, dorënner och de Grënner vun der Elite-Unitéit vun der Brigade Mobile vun der Gendarmerie, de Ben Geiben. Hien hat 1984 d’Gendarmerie verlooss.

3. Dag am Bommeleeër-bis Prozess - Reportage Diana Hoffmann

D’Affekote vun den Ugekloten an dësem  Prozess waren awer unisono der Meenung, dass d’Partie civile wéilt de Bommeleeër Prozess vun 2014 weiderféieren an et net géing ëm d’Falschaussoe vun de 6 Ugeklote goen. Ausserdeem wier et arrogant, dass dës elo géinge jee eng hallef Millioun Schuedenersatz géint verschidde Leit froen, déi sech deemools fir si agesat hätten an esouguer hier Plaz verluer hätten. D’Demande fir weider Zeien ze ruffen, gouf vun de Riichter refuséiert. 

Héijen Offizéier well näischt gewosst hunn

Am weidere Verlaf vum Prozess goung et ëm 18 presuméiert Falschaussoe vum haut 97 Joer alen Aloyse Harpes, fréieren héijen Offizéier bei der Gendarmerie. Wärend dem Prozess Enn 2013, wou den Aloyse Harpes ausgesot huet, hätt dëse sech relativ onwëssend a passiv duergestallt, sot den Enquêteur vu Police, dee sech mat dësem Dossier befaasst huet. Dem Aloyse Harpes seng Aussoen a verschiddene Punkte wieren de komplette Géigendeel vun aneren Zeie gewiescht oder vun deem, wat aus dem Dossier géing ervirgoen. “Mat sengen Aussoe solle mir gleewen, dass hie sech guer net fir den Dossier interesséiert hätt”, esou den Enquêteur. Dobäi wier et vun him un éischter Plaz gewiescht, fir de faulen Apel ze fannen. Den Ugekloten hätt am Ufank och mat 200 ugerappt, an da wier op eemol näischt méi geschitt. Wou hien am Prozess 2013 gefrot gi wier, wisou een no der Observatioun vum Ben Geiben dëser Spuer op eemol net méi nogaange wier, nodeems et am Oktober 1985  zu engem Uschlag op de Palais de Justice komm ass, sot hien: “Ech sot, eng Affär déi schif leeft, do geet een net méi dra wullen.” 
 
Fir op d’Hypothees vum Ugekloten zu engem onbekannten Drëtten anzegoen, dee gekuckt hätt, dass den Deckel op d’Affaire kënnt, mengt den Enquêteur: “Et muss een de Knäppche gedréckt hunn, dass alles intern an der Gendarmerie zur Rou kënnt. Wien hätt kënne soen ‘lo ass Schluss’. Ech muss gestoen, dass hien deen eenzegen ass, deen esou e Befeel vu bausst der Gendarmerie kann ëmsetzen.” D’Piste, dass et sech kéint bei de Bommeleeër ëm Leit aus dem Militär handelen, hätt den Aloyse Harpes da sträiche gelooss, wëll fir hie kloer gewiescht wier, dass et keng Leit aus deem Milieu kéinte sinn. 
 
Den Affekot vum Aloyse Harpes, säi Fils den André Harpes, huet kritiséiert, dass den Enquêteur “eng Suppositioun no där anerer” gemaach hätt. En hätt sech Puzzelstécker zesummegeluecht, dass dës géinge stëmmen. Den Enquêteur sot, dass den Untersuchungsriichter säin Accord ginn hätt, dass Iwwerleeunge kéinte mat erabruecht ginn. “Soss komme mer net virun”, esou den Enquêteur. “Et ass drëm gaangen, d’Aarbecht vun den Ermëttler an der Hierarchie vun den Ermëttler ze bewäerten”, huet d’Vertriederin vum Parquet betount. 
 
Doriwwer eraus gouf nach preziséiert, dass den Ugekloten am Bommeleeër Prozess vun 2013/14, de Marc Scheer, de Marcel Weydert, 2012 per Mail gefrot huet, op hien deen op der Foto nieft him wier, déi am Lëtzebuerger Wort ofgedréckt war, nodeems hien dëst vun engem Wort-Journalist gefrot gi war.