1 vu 4 Kanner zu Lëtzebuerg ass Aarmutsrisiko ausgesat
© Photo by GIAN MARCO BENEDETTO / ANADOLU AGENCY / ANADOLU VIA AFP
Um Weltkannerdag weist en neie Rapport vun Unicef, dass weltwäit 417 Millioune Kanner an Aarmut liewen.
Nach ëmmer liewe vill Kanner a Situatiounen, wou hir Grondbedierfnisser, wéi Iessen, proppert Drénkwaasser oder e séchert Doheem, net garantéiert sinn.
Wéinst Konflikter, Kricher, der Klimakris an engem Réckgang vun der internationaler Hëllef huet sech d Situatioun rezent kaum verbessert.
Logementspräisser wierke sech op Aarmut aus
Och zu Lëtzebuerg bleift d’Situatioun quasi onverännert. 1 Kand op 4, also ronn 30.000 Kanner, liewen am Aarmutsrisiko. Ënnert anerem bei héije Logementspräisser, virun allem bei Elengerzéiender, geet d Hallschent vum Akommes fir d Wunnen drop.
Unicef betount, datt d’Aarmut vermeidbar wier, wann d’Politik geziilt géif géigesteieren. Am Rapport gi konkreet Recommandatioune gemaach.
Basisversuergung vu Kanner garantéieren
D' Familljenzoulage solle weider ausgebaut ginn, besonnesch fir vulnerabel Stéit, fir d’Basisversuergung vun de Kanner ofzesécheren. E méi inklusiven a flexibel gereegelten Elterecongé kéint och hëllefen. Zil dovu soll sinn, datt och Famille mat nidderegem Akommes dovu profitéiere kënnen.
Eng gratis Kannerbetreiung, virun allem fir Kanner tëscht 1 a 4 Joer, kéint de finanziell Drock vun de Familljen huelen an d’Chancëgläichheet esou gestäerkt ginn, esou Unicef Lëtzebuerg weider.
Duerch esou Mesurë kéint den Aarmutsrisiko bei de Kanner vun engem Véierel op een Zéngtel reduzéiert ginn.
Och dëst Joer organiséiert Unicef Lëtzebuerg um Weltkannerdag Atelieren, Konferenzen an d’GoBlue-Aktioun, bei där Gebaier am ganze Land blo beliicht ginn. Dëst als kloert Zeechen, datt d’Rechter vun de Kanner méi present solle sinn.