Déi groussherzoglech Koppel war zu Den Haag op Besuch












































































































































Zanter sengem Amtsuntrëtt als Grand-Duc sti fir de Guillaume a seng Fra Stéphanie eng Rei Visites de courtoisie un, sou och en Donneschdeg an Holland.
Viru ronn annerhallwem Mount gouf de Grand-Duc Guillaume duerch d'Ofdankung vu sengem Papp Henri zum Staatschef vu Lëtzebuerg.
Zanterhier mécht déi groussherzoglech Koppel sougenannt Visites de courtoisie an deene Länner, déi besonnesch enk Lienen zum Grand-Duché hunn. Dës Kéier goung d'Rees an Holland, méi genee op Den Haag.
Den Haag ass zwar net d'Haaptstad vun Holland, ma d'Stad mat hire ronn 570.000 Awunner ass no Amsterdam a Rotterdam déi drëttgréisste Stad vun Holland an esouwuel de Sëtz vun der Regierung wéi och dee vum Parlament. An zanter 1831 ass Den Haag och d'Residenzstad vun den hollännesche Kinneken.
An deen éischte Punkt um Programm vun der groussherzoglecher Koppel war dann och eng Audienz bei der hollännescher Kinnekskoppel. Géint 9 Auer goufen de Lëtzebuerger Staatschef a seng Fra am Palais Huis ten Bosch empfaangen an dono gouf zesumme Kaffi gedronk. Op hei vläicht driwwer geschwat gouf, datt d'Qualifikatioun fir d'Fussballweltmeeschterschaft fir Lëtzebuerg an Holland zimmlech ënnerschiddlech gelaf ass, ass net gewosst.


















Géint 10 Auer goung et du fir de Grand-Duc an d'Catshuis, de Sëtz vum hollännesche Premierminister. Dat ass nach den Dick Schoof, d'Hollänner hu jo Enn Oktober en neit Parlament gewielt, ma et dierft nach e puer Méint daueren, bis eng nei Regierung vereedegt gëtt. Bis dohi wäert de Schoof kommissaresch op deem Poste bleiwen, hie selwer war net mat an d'Wale gaangen. Bei där Entrevue war och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel mat dobäi. Hien hat spéider nach eng separat Entrevue mat sengem Homolog David van Weel. An de Gespréicher goung et esouwuel ëm déi bilateral Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an Holland wéi och ëm déi grouss international Sujeten.
Dono war et dunn un enger Visitt vum hollännesche Parlament, méi genee vum Senat, der éischter vun deenen zwee Kummeren. Ma nieft der Presidentin vum Senat, der Mei Li Vos, war och den neie President vun der Chambre des représentants Thom van Campen mat dobäi. Hei huet sech de Grand-Duc an dat gëllent Buch agedroen.
Dee leschte Punkt um Ordre du Jour war dann nees eng Entrevue mat der kinneklecher Koppel, dës Kéier am Palais Noordeinde, do war dann och nees d'Grande-Duchesse mat dobäi. Hei goung et fir d'éischt iwwert de rouden Tapis laanscht den Éierespaléier an ofgeschloss gouf d'Visitt mat engem Mëttegiessen. D'Nationalhymne goufen iwwregens net gespillt, well dat an Holland bei enger Visite de courtoisie net virgesinn ass.
A sou géint 13.20 Auer war och schonn alles un an aus. No Bréissel a Berlin war dat heiten déi drëtt Visite de courtoisie vun der groussherzoglecher Koppel. A wien an der Schoul am Geoscours gutt opgepasst huet, dee weess, datt vun den Nopeschlänner elo just nach Frankräich bleift. Et ass och eng Visitt op Paräis geplangt, ma een Datum gëtt et nach net, et schéngt, wéi wann de franséische President Emmanuel Macron am Moment aner Prioritéiten huet.