Las Vegas zitt net nëmmen d'Formel 1 Elite un, mee och Hollywood Staren. An der Stad vun de schnelle Decisioune louch de Rekord bei der Britney Spears mat 55 Stonnen Bestietnes, dem Nicolas Cage seng Las Vegas Léift huet véier Deeg gedauert, an den Elvis selwer huet sech hei 1967 mat der Priscilla d'Jo-Wuert ginn. Dëse Weekend gëtt nees Gas ginn - um Circuit a bestëmmt och an der berüümter Little White Wedding Chapel, Pit Biewer.

21/11/2024 Hollywood Reporter