Op der amerikanescher Westküst huet d'lescht Woch e grousst Feier fir enorme Schued a Leed gesuergt. Dës Kéier ass Los Angeles, mam berüümte Staddeel Hollywood, net verschount bliwwen. Den Hollywood Reporter Pit Biwer huet d'Katastroph hautno materlieft.

16/01/2024 Hollywood Reporter: Feier zu LA

Los Angeles kann e wéineg opootmen, de Wand huet sech geluecht, wat d'Aarbecht vun de Pompjeeë méi einfach mécht. Zënter Mee huet et hei net wierklech gereent, a wéinst der Dréchent ass de Problem natierlech net vum Dësch. Schonn nächst Woch kann erëm mat dem sougenannte Santa-Anna-Wand gerechent ginn, ouni awer déi niddreg Loftfiichtegkeet vun der leschter Woch dierft et net zu enger änlech geféierlecher Situatioun kommen. 

RTL

Direkt vun Ufank u vun de Brenn war ech als Honorarkonsul an zesumme mat dem Konsulat vu San Francisco mat de Lëtzebuerger no an an der Feierzon a Kontakt. Eng Famill huet missen evakuéiert ginn, si sinn elo awer rëm doheem. De Rescht vu 25 Lëtzebuerger huet natierlech, grad wéi ech selwer, eng gewëssen Angscht an de Glidder behalen, well ouni Reen kann et zu enger änlech geféierlecher Situatioun op en Neits kommen. Sou eppes wier an de leschten Deeg awer, fir zu all Moment prett ze sinn an ze evakuéieren, sou eppes hat nach keen wierklech matgemaach. Natierlech ginn elo d' Ursaache gesicht, firwat d'Brenn net méi fréi kontrolléiert konnte ginn, fir dann an Zukunft eng weider Katastroph ze verhënneren. Elo, wou de Wand sech geluecht huet, kënnen d'Pompjeeën d'Flamen an net-bewunnten Hiwwelen halen an iwwert déi nächst Deeg dann hoffentlech komplett läschen. Mee den Neiopbau wäert d' Joer daueren.

RTL

Hollywood wëllt mathëllefen, fir de Betraffene finanziell ënner d' Äerm ze gräifen, an zwou Wochen ass eng riseg Show mat enger Spendenaktioun ugesot, wou d'Crème de la Crème aus der Entertainmentbranche dobäi soll sinn. D'Detailer fir dëse Spendenowend kommen an den nächsten Deeg. D'Grammye sollen, ewéi geplangt, den 2. Februar fir d'27. Kéier verdeelt ginn, mee de Musekowend soll benotzt ginn, fir Hëllef fir zerstéiert Brennzonen ze froen. 300 Mataarbechter aus der Museksbranche an Artisten hunn hir Haiser verluer. Déi 3 gréisst Plackefirmen hunn all d'Partyen an der Woch virun de Grammyen annuléiert. Fir eng 2. Kéier sinn d'Präisser vun de Filmkritiker verluecht ginn, elo op de 14. Februar. D' Nominatioune fir d' Oscare sinn no hannen, op den 23. Januar verluecht ginn, d'Show soll awer wéi geplangt den 2. Mäerz iwwert d'Bün goen, och wann natierlech hei fir de Moment nach keen esou wierklech un sou eppes denke kann.