Den Trendsetter aus AsienMatcha, Manga a Wasabi-Kitkat - de Japan-Hype

Céline Spithoven
Vun exotesche Séissegkeete bis Rekordtourismus: Japan gëtt ëmmer méi zum Trend an dat och zu Lëtzebuerg.
© Robert Weis

Fréier waren et virun allem Anime-Serien, déi de japanesche Flair an eis Stuff bruecht hunn. Serië wéi Naruto, Pokémon oder One Piece hu bei ville Jonken an Europa fir d’éischt den Interessi fir Japan ervirbruecht. Haut ass de kulturellen Afloss vill méi breet. Japanesch Produiten, Gedrénks a Liewensmëttel dauchen ëmmer méi dacks an europäesche Supermarchéen a Caféen op. Och zu Lëtzebuerg gëtt et mëttlerweil spezialiséiert Geschäfter, déi sech op japanesch Produite konzentréieren.

Matcha, Manga a Wasabi-Kitkat - de Japan-Hype

Japanesch Séissegkeeten: kreativ Marketingstrategie

Besonnesch grouss ass den Interessi u japanesche Séissegkeeten. D’Produite falen duerch ongewéinlech Geschmaachsrichtungen an originell Verpackungen op. E bekannte Beispill ass de Schockela KitKat: A Japan gëtt et dovun Honnerte Varianten, dorënner Matcha, Wasabi oder souguer Sake. Am Ganze sollen iwwer véierhonnert verschidden Zorten existéieren.

© MK Family/Flickr

Dëse Konzept passt zu engem Marketingmodell, deen a Japan wäit verbreet ass: limitéiert Editiounen a saisonal Goûten. Nei Produite kommen dacks nëmme fir kuerz Zäit an d’Butteker, wat de Sammel- a Probéier-Effekt verstäerkt. Fir Konsumenten an Europa wierken dës Snacks exotesch an originell, a genee dat mécht hire Reiz aus. Eng Partie Influencer hunn dësen Trend erkannt an ziele Millioune Klicks op Videoen, an deene si einfach japanesch Séissegkeeten testen.

Matcha: gréngen Téi als Lifestyle-Gedrénks

E weideren Trend aus Japan: Matcha. De réng gemuelene gréngen Téi gëtt ëmmer méi dacks als Matcha-Latte zerwéiert a gëllt fir vill Leit als Alternativ zum Kaffi. De Produzenten no klëmmt d’Demande besonnesch bei jonke Konsumenten. Social Media spillt och dobäi eng wichteg Roll. Op Plattforme wéi TikTok oder Instagram ginn ëmmer erëm Videoe gedeelt, an deene Leit hir Matcha-Latteën testen oder Rezepter deelen. International huet de Boom awer mat enger internationaler Kaffischaîne ugefaangen, déi de Matcha-Latte an den USA op d’Kaart gesat huet an domat d’Gedrénks weltwäit bekannt gemaach huet. Vill Konsumenten entscheede sech dofir, well am Matcha zwar Koffein ass, dee wakereg mécht, awer manner Nieweneffekter huet wéi Kaffi, dee séier nervös maache kann.

E Land voller Innovatioun

D’Faszinatioun fir Japan geet awer wäit iwwer Iessen a Gedrénks eraus. International gëllt d’Land als ee vun de Virreider an Technologie an Innovatioun. Japanesch Entreprisen hunn d’Welt mat Elektronik, Automobiltechnik a Robotik gepräägt. Och an der Infrastruktur, zum Beispill mam TGV oder bei automatiséierte Systemer, gëtt Japan dacks als Beispill genannt. Gläichzäiteg ass d’Land bekannt fir seng héich Liewenserwaardung an eng traditionell a gesond Ernierung mat vill Fësch, Geméis a gréngem Téi. D’Kombinatioun aus moderner Technologie an enger Kultur, déi grousse Wäert op Disziplin, Respekt a Qualitéit leet, mécht Japan fir vill Leit besonnesch interessant.

Tourismus explodéiert

Dëst positiivt Bild spigelt sech och am Tourismus erëm. Japan gëtt fir ëmmer méi Leit zu engem Dramzil. Am Joer 2025 huet d’Land en neie Rekord opgestallt: ronn 43 Milliounen international Touristen hunn d’Insel besicht. Vill Visiteuren zitt de Kontrast un: futuristesch Metropolen, Neonsluuchten a Schnellzich stinn nieft Tempelen, traditioneller Architektur a rouege Gäert. Dobäi kënnt e Ruff fir aussergewéinlech Hygiène an Organisatioun. Vill Reesender si beandrockt dovun, wéi propper a gutt strukturéiert den ëffentleche Raum ass.

Japan ass also net méi just eng wäit Insel um aneren Enn vun der Welt. Vum Matcha-Latte am Café iwwer kreativ Snacks bis hin zu Reesen – déi japanesch Kultur gëtt ëmmer méi siichtbar am Alldag vun Europa. De Japan-Hype ass domat net nëmmen e kuerzen Trend, mee och en Zeeche fir e wuessende kulturellen Austausch.

Back to Top
CIM LOGO