Vakanzenzäit zu Lëtzebuerg "Die Kanaren sind hoch im Kurs"

Christophe Hochard
Teneriffa a Las Palmas sti ganz uewen an der Gonscht vun de Leit, déi d'Sonn am Wanter opsichen.
Ufank vun der Schoulvakanz ass Ufank vun der Vakanzenzäit
Vill Leit profitéiere vun der Schoulvakanz, fir an d’Vakanz ze fléien. Mir hunn eis d’Situatioun um Findel ugekuckt.

61 Dausend Mënsche fléien dëse Weekend mat der Luxair an d’Vakanz. Dem Thomas Fischer no sinn dat fënnef Prozent méi wéi zejoert fir d’Fuesent. “Die Leute reisen gerne und mann muss aus diesem Wetter unbedingt mal raus”, esou den Thomas Fischer am RTL Interview.

Ganz beléift bléiwe weiderhin d’Kanaren. De Moien tëscht 6 a 7 Auer goungen eng 13 Fliger um Findel eraus. Palma, Porto, Madeira oder och Dubai goufen ugeflunn. “Wir freuen uns auch zu sehen, dass Ägypten sich weiter entwickelt und Süditalien wächst. Catania ist eine Gegend, die sich stark entwickelt bei den Touristen”, ergänzt nach de Luxair Mataarbechter.

Back to Top
CIM LOGO