Loscht op Vakanz?Net Griicheland, net Kroatien: Firwat Albanien eng Rees wäert ass!

Loïc Juchem
Wat als spontane kuerzen Trip ugefaangen huet, huet mech bannent véier Deeg komplett iwwerrascht. Albanien ass vill méi wéi nëmme Plagen a bëlleg Präisser. Dëst ass e perséinleche Reesbericht iwwer e Land, dat ech bis elo däitlech ënnerschat hat.
© Loïc Juchem

Wou soll et nëmmen higoen? Slowenien, Montenegro oder Albanien? D'Decisioun war séier getraff: véier Deeg Albanien. Éierlech gesot, hat ech d'Land bis dohin ni wierklech um Schierm. Mee op Instagram kléngt Albanie mëttlerweil wéi déi nei Trend-Destinatioun um Balkan – also wollt ech erausfannen, ob dat wierklech esou ass. Véier Deeg si kuerz. Ech hu mech dofir fir de Süde vum Land an d'Albanesch Riviera entscheet. Am Norde waarden zwar déi albanesch Alpe ronderëm Theth an de bal 200 Kilometer laange "Peaks of the Balkans"-Wanderwee op Wanderer, mee d'Fotoe vun den turkisbloer Plage ware méi iwwerzeegend.

Berat – D'Stad vun den 1.000 Fënsteren

Zu Tirana ukomm, goung et mam Locatiounsauto direkt a Richtung Berat. Den albanesche Fuerstil ass definitiv eppes, un dat ee sech gewinne muss – besonnesch zu Tirana. D'Haaptstad selwer ass eng lieweg a jonk Stad, mee vill grouss Attraktioune gëtt et net. Méi beandrockt huet mech Berat, "d'Stad vun den 1.000 Fënsteren". Vun der Buerg aus huet een eng flott Vue iwwer d'Stad, mäi perséinlechen Highlight war awer de Mangalem-Quartier, mat sengen traditionellen Haiser, déi sech den Hang eropzéien.

Klengen Highlight war awer och d'Owesiessen. Ech hat am Virfeld gelies, datt een "Homemade Food Lili" net soll mëssen. Ech hunn du probéiert, en Dësch ze kréien a sou gutt gelaunt, wéi de Mann um Telefon war, war en och a Realitéit. An den Haus-Schlappen, am Jogging, naass geschweesst, huet hien een empfaangen a vun der éischter Minutt un huet ee gemengt "dat heiten ass dee Frënd, deen ech elo schonn eng gutt Zäit net gesinn hunn". Super frëndlech, scho bal eng Portioun ze vill, huet hie mech un den Dësch installéiert a puer vu senge Spezialitéiten erkläert. Et gëtt just e Grapp voll Platen, et sëtzt ee beim Lili doheem op der Terrasse, mat anere Léit um Dësch – Small Talk ass deemno och ugesot. Mat Hollänner, Dänen a Britten ass engem beim Owesiessen net langweileg ginn a wollt een op d’Toilette, stoung een op eemol beim Lili am Buedzëmmer.

E Klouschter, Buergen an de Süde

Den nächsten Dag goung et weider a Richtung Süden. D'Klouschter vun Ardenica, d'Festung zu Tepelenë an déi historesch Stad Gjirokastra waren déi wichtegst Statiounen. Gjirokastër huet mat senger Buerg, der Alstad an dem Basar besonnesch gutt gefall. Vill méi kleng wéi de Basar vu Marrakesch, ass et hei awer definitiv méi gemittlech.

Ënnerwee op Sarandë gouf et och e Stopp beim "Syri i Kaltër", dem "Bloen A". Dat intensiv blo-turquoiset Waasser ass beandrockend – och wann et mat ronn 10 Grad definitiv ze kal ass fir eng Schwammstonn. Zu Sarandë war ech dunn endlech un der Albanescher Riviera ukomm. D'Stad läit um Ionesche Mier, vis-à-vis vu Korfu, a bitt sech och als Ausgangspunkt fir de Butrint-Nationalpark un. Déi antik Stad mat hire réimesche Ruinen an dem alen Theater gehéiert zanter 1992 zum UNESCO-Weltkulturierwen.

Ksamil – Schéin, mee net gemittlech

Op déi berüümt Plage vu Ksamil war ech besonnesch gespaant. Schéin? Definitiv. Roueg? Net am Summer. Op der Plage war et extrem voll, Autoe stoungen iwwerall an eng gemittlech Plaz am Sand ze fannen, war bal onméiglech. Ksamil ass éischter eppes fir Leit, déi Beach Clubs, Musek an e bësse méi Animatioun sichen. Méi Richtung Norde gëtt et méi roueg. Aquarium Beach, Gjipe Beach oder Dhërmi Beach hu mir perséinlech besser gefall. Zu Dhërmi lount sech och e klengen Arrêt: am Zoe Hora kann een eng spektakulär Vue iwwert d'Duerf genéissen, besonnesch beim Sonnenënnergang. Fir d'Iesse géif ech net onbedéngt zeréckkommen, fir d'Vue awer definitiv.

Green Coast – Albanie setzt op Luxus

En anert Albanie gesäit een op der "Green Coast". Laanscht d’Riviera entstinn ëmmer méi modern Resorts, Beach Clubs an exklusiv Appartementer. Et gëtt nach vill gebaut, mee d'Richtung ass kloer: Albanie wëll méi Luxus-Touristen unzéien.

De Kontrast zum Rescht vum Land ass markant. Hei entsteet eng modern Welt, déi bal e bëssen un e Mini-Dubai erënnert. Ob d'Green Coast sech tatsächlech zu engem albanesche St. Tropez entwéckelt, wäert d'Zäit weisen. D''reen Coast ass ee vun de gréisste Luxus -Tourismusprojeten an Albanien, derhannert stécht de BALFIN Group, deen dem räichste Mann vum Land gehéiert.

Mäi Fazit

Véier Deeg ware vill ze kuerz, fir Albanie wierklech kennenzeléieren. Den Norden hunn ech komplett ausgelooss, mee genee dat ass vläicht de beschte Grond, fir nach eng Kéier zeréckzekommen. Albanien huet mech positiv iwwerrascht. Net well alles perfekt ass, mee well d'Land vill méi Facetten huet, wéi ech erwaart hat: Bierger, Plagen, Kultur, Natur a vill Authentesches. An och de Präis ass en Argument: Albanien zielt nach ëmmer zu de méi bëllege Vakanzendestinatiounen an Europa. Wien also soss éischter a Griicheland oder Kroatie reest, kéint Albanien definitiv emol eng Chance ginn.

Fir mech steet op alle Fall fest: Déi véier Deeg waren net déi lescht.

Feedback oder eng Fro? Schreif mir gären e Mail: loic.juchem@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO