Automobilclub verréitTipps an Tricks fir e gudde Start an de Wantersport

Céline Spithoven
Lynn Cruchten
Nach zwee Deeg an d'Fuesvakanz steet virun der Dier. Dat heescht fir eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger: Wallis paken a lass geet et an de Wantersport.
Automobilclub verréit: Tipps an Trick fir e gudde Start an de Wantersport
D’Lëtzebuerger Schoulvakanze iwwerschneide sech dacks mat deene vun eisen Nopeschlänner. Dat bedeit vill Stau. Den ACL hëlleft, besser doduerch ze kommen.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och a munche vun eisen Nopeschlänner fänkt de Weekend d’Schoulvakanz un a vill Leit zitt et an de Schnéi. Dat heescht vill Stau op de Stroossen. Fir besser doduerch ze kommen, soll een awer zum Beispill réischt samschdes am spéiden Nomëtteg fueren oder och e Sonndeg, do wier manner Verkéier virauszegesinn wéi e Freideg an e Samschdeg de Moien, recommandéiert de Frank Maas vum Automobilclub. De Stau wäert een awer net ganz evitéiere kënnen, dofir “soll een ëmmer eng Decken, Iessen a Gedrénks am Auto hunn”, falls ee mol méi laang iergendwou hänke bleift.

Mee ier een an den Auto klëmmt a lassfiert, muss nach un e puer Saache geduecht ginn. An der Schwäiz an an Éisträich brauch een zum Beispill ëmmer nach eng Vignette. Déi kann ee mëttlerweil digital ufroen a bezuelen oder et keeft ee se am Buttek, wéi beim ACL. Wichteg ass awer: “Eng physesch Kaart muss richteg an d’Fënster vum Auto gepecht ginn, soss gëtt et e Protokoll, och wann een noweise kann, dass een d’Vignette bezuelt huet”, erkläert de Frank Maas. A Frankräich muss een dann ëmmer rëm duerch Peagen. Hei recommandéiert den ACL de Bip&Go, esou kann een einfach duerchfueren an et gëtt alles iwwert d’Kaart verrechent, wat verhënnert, bei all Barrière no Mënz ze sichen.

Den ACL warnt am Kontext vun de Vignette virun Arnaquen a falschen Internetsäiten. Déi richteg Linke fir seng Autosplack online ze registréieren sinn dës: https://www.asfinag.at/ fir Éisträich an https://via.admin.ch/shop/dashboard fir d’Schwäiz.

© Thibaud Moritz / AFP

Ganz wichteg och, déi richteg Pneuen. Wann een an de Schnéi fiert, soll ee Wanterpneuen drop hunn, fënnt den ACL. Allwiederpneue géifen net duergoen. An och d’Reese mam Elektroauto muss e bësse preparéiert sinn. Besonnesch baussent den Autobunnen sollt een am Viraus no Elektroborne kucken a seng Pausen deemno plangen. Mat dësen Tipps an Tricks gëtt den Depart an de Wantersport direkt méi agreabel.

7 Tipps vum ACL

Back to Top
CIM LOGO