
De Wee geet duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft mat fiichte Wisen, Hecken, Weieren a Baachen. Op verschiddene Plaze geet et iwwer schmuel Holzsteeën, wou een och an déi méi empfindlech Beräicher vum Naturschutzgebitt era kënnt.
A praktesch ass och de Startpunkt: den Tour fänkt direkt op der Gare vun Ëlwen un an hält och do op. Eng Wanderung also, bei där een den Auto ganz einfach stoe loosse kann, wann ee mam Zuch ukënnt.

De Wee féiert tëscht Ëlwen, Kierchen a Wilwerdang duerch d'Cornelysmillen. En ass mat engem schwaarze Storch op wäissem Hannergrond markéiert a gëllt als mëttelschwéier. Fir déi knapp zéng Kilometer soll een ongeféier zwou an eng hallef Stonn arechnen.
An natierlech sinn et virun allem d'Natur-Highlights, déi dëse Wee interessant maachen: laanscht de Parcours ginn et Observatiounshaisercher an Informatiounstafelen an déi renaturéiert Weiere bidden e Liewensraum fir vill Villercher an aner Déieren.
Egal ob een elo wéinst der Landschaft, de Villercher oder einfach fir e bëssen Auszäit an der Natur ënnerwee ass – de Léierpad Cornelys Millen bei Ëlwen ass definitiv eng Wanderung, bei där et sech lount, d'Aen opzehalen. A wee weess - vläicht entdeckt een um Wee jo och nach dee ganz besonnesche Gaascht: de schwaarze Storch.