Frech duerch de Summer - Episod 5Vu "Battien", "Kättien" a "Pittien"

Jean-Marc Turmes
„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. Haut ass den Armand Becker de Retour beim Jean-Marc Turmes
© RTL Grafik

Frech duerch de Summer - Episod 5: Vu "Battien", "Kättien" a "Pittien"

Jean-Marc Turmes: Ech hu viru Kuerzem op enger Affiche „Träntelkätti“ an „Tutebatti“ gelies an ech hu mech du gefrot, wat et mat deene Wierder do op sech huet.

Armand Becker: Dat, wat een direkt dozou ka soen, ass, datt et Frechheete sinn. Mee dat wousst de sécher schonn; ech huelen un, datt s de dech méi fir hiren Opbau interesséiers. Wat fält der da bei dëse Wierder op?

Jean-Marc Turmes: Ma déi zwou Frechheete sinn änlech opgebaut an hale mat engem Virnumm op.

Armand Becker: Gutt gesinn! Den éischten Deel vum Wuert stellt d’Charakteristik duer, op déi ee bei der Frechheet wëllt hiweisen – hei „träntelen“, dat heescht „net virumaachen“, an „tuten“, also domm schwätzen. Den zweeten Deel vum Wuert ass e Virnumm. Wéi s de gesäis, sinn et éischter traditionell Nimm, déi hei gebraucht ginn.

Jean-Marc Turmes: Hei sinn et de Batti an d’Kätti, also e männlechen an e weibleche Virnumm, déi gebraucht ginn.

Armand Becker: Genee esou ass et. Bei engem Mann gebrauchs de e männlechen a bei enger Fra e weibleche Virnumm. Heiansdo hues de och Virnimm, déi et an zwou Versioune gëtt, eng Kéier mat engem „i“ um Schluss an eng Kéier ouni: „Mätt / Mätti“, „Kätt / Kätti“. Un der Bedeitung vum Wuert ännert deen „i“ näischt, mee dacks gëtt d’Versioun mam Schluss-„i“ als manner staark ëmpfonnt.

Jean-Marc Turmes: Sinn et dann ëmmer dës Nimm oder gëtt et och nach anerer?

Armand Becker: Du kanns hei nach eng Hellewull aner Virnimm gebrauchen. Gréit, Pitti, Josy, oder Lisi si Virnimm, déi een och nach dacks begéint: „du Knaschtpitti“, „du Quetschelisi“, „du Knéchelgréit“, „du Knadderjosy“ oder och „du Knéckjang“. Am Luxemburger Wörterbuch fënnt och nach anerer, déi haut net méi esou geleefeg sinn, z. B. „du Träntelerluerenz“. Du gesäis, hei kann ee ganz kreativ ginn an allméiglech Kombinatioune gebrauchen.

Jean-Marc Turmes: Ma da weess ech elo schonn, mat wat ech mer an der Mëttespaus d’Zäit verdreiwen!

Back to Top
CIM LOGO