Frech duerch de Summer - Episod 3Vu Fiiss an Ochsen

Marie Gales
Mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch verbrénge mir de Summer mat enger vun de Spezialitéite vun der Lëtzebuerger Sprooch: de Frechheeten. De Jean-Marc Turmes huet mam Alex Gillander vum ZLS geschwat.
© RTL Grafik

Alex Gillander: Jean -Marc, also du bass wierklech e Fuuss.

Jean-Marc: Merci fir d' Kompliment, mee ech duecht, mir géifen haut iwwer Frechheete schwätzen.

AG: Jo, dat stëmmt. Ech wollt der eigentlech just weisen, dass mer mat Déiere verschidden Eegeschafte verbannen. Mir wëssen also meeschtens ganz genee, ob mer mat engem Déier eppes Positives oder eppes Negatives associéieren. Dat sinn da Stereotyppen, déi och en Afloss op d' Sprooch hunn.

JMT: Also, dass den Fouss ass schlau gëllt, weess ech, mee wéi ass et da mat deenen aneren Déieren?

AG: Éierlech gesot fale mer direkt vill méi Déieren an, mat deenen ech negativ Eegeschafte verbannen, an déi éischter als Frechheet gëllen. Kuckt Der zum Beispill mol den Iesel un, dee jo eigentlech e ganz intelligent a soziaalt Déier ass, an awer mengen ech net, dass de frou wäers, wann ech dech elo géif Iesel nennen.

JMT: Jo, well den Iesel als domm a stur gëllt.

AG: Richteg, d' Stereotyppe mussen also mol net stëmmen, oder se si just zum Deel richteg, wéi zum Beispill beim Schwäin.

JMT: A Schwäi gëlle jo als knaschteg a verfroossen.

AG: Ganz genee, bei de Schwäin, do denke mer ganz dacks drun, dass déi sech am Bulli wenzelen, an, wa mer elo natierlech e Kand hunn, wat net propper ësst a Sauerei mécht, da soe mer alt gäre mol, wat ass dat e Schwéngchen, oder wat ass dat e Guss. Da si mer an der Kannersprooch, an dat ass jo net onbedéngt béis gemengt, well déi ganz Kleng, déi muss se jo eigentlech och nach léieren, wéi e propper ësst.
 
JMT: Jo, d' Ausdréck Kallef oder Rëndvéi sinn do awer schonn e Stéck méi staark.

AG: Genee, wann ech lo Kallef oder Rëndvéi soen, ma da si ganz sécher negativ Emotiounen am Spill. Wann ech lo sou richteg rose sinn oder mam Behuelen oder mat den Aussoe vun enger anerer Persoun a wierklech guer net averstane sinn, da kommen oft Déieren an d' Spill, déi als domm oder als schwéierfälleg gëllen. Dat kënnen dann zum Beispill Notzdéiere sinn, wéi d' Kallef, d' Kou oder och den Ochs.

JMT: Wat ass dat en Ochs?

AG: A wann s de lo nach en Adjektiv wéi domm oder blöd do virdrun hänks, da kanns de dat Ganzt nach verstäerken. Wat ass dat eng domm Gäns! Ech mengen da besteet wierklech absolut keen Zweifel méi, wat s de vun där Persoun häls.

Back to Top
CIM LOGO