
Wéi ee sech do am beschten uleeë sollt, weess de Frank Maas vum ACL:
"Wichteg ass, déi schwéier Wallissen sou déif wéi méiglech am Auto ze verstauen. Domat bleift de Schwéierpunkt vum Auto optimal an d'Fuerverhalen gëtt wéineg a beanträchtegt. Wallisse sollen och net iwwert di iewescht Kand vum hënneschte Sëtz erausstoen. Sollt dat awer de Fall sinn, da kann ee se mat engem Gitter oder mat engem Netz oftrennen. Wann een eng Wallis ze vill huet, di net mi an d'Mall vum Auto passt, da kann een se tëschent de fiichten an den hënneschte Sëtz klemmen, sou dass se an alle Fäll gutt gehalen ass."
Fir nach e bëssi méi Stauraum ze hunn, gräift deen een oder aneren nawell gären op eng Këscht fir op den Daach zréck. Allerdéngs sollt een och hei op dat eent oder anert oppassen:
"Éischtens kann d'Këscht um Dag d'Fuerverhale vum Auto änneren, ganz einfach aus deem Grond, well sech zousätzlech Gewiicht ongënschteg héich befënnt. Well eng Daachkëscht eng grouss Ugrëffsfläch huet, kann och de Säitewand hei eng Roll spillen. Da soll een natierlech d'Héicht och respektéieren, esou dass een néirens uewe widder ka kommen a beim Lueden soll een op dat zousätzlech Gesamtgewiicht vun der Box an och vum Auto oppassen."
Wann een da bis op senger Destinatioun ukomm ass, soll een am beschten d'Këscht och erof huele well ee mat dëser méi Bensinn verbraucht. A wat d'Sécherheet ugeet, soll ee gutt organiséiert si falls mol eppes geschitt:
"D'Warnwest, den Dräieck an d'Verbandskëscht mussen accessibel bleiwen. Dat heescht, esou, dass een net muss ganz Mall ausraumen, bis een un dës wichteg Utensilien drukënnt."
Wann dat dann alles richteg gemaach ass, kann ee lass fueren. Dat awer idealerweis gutt ausgerout fir sech selwer an de Recht vun de Passagéier net onnéideg a Gefor ze bréngen.