RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Carole Dieschbourg

Patrick Greis
© Patrick Greis

Déi fréier gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg beschreift, wéi se gefrot gouf, Member vun der Regierung ze ginn. Am Café des artistes verréit si dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, firwat si eng Kéier buerbes am Vatikan ënnerwee war a wat si dem Poopst als Kaddo schenke wollt. Et gëtt ee gewuer, firwat si bal ze spéit op hir eegen Hochzäit komm ass a wéi si als Ministesch bei engem Ambassadeniessen net vir voll geholl ginn ass. An natierlech kënnt si och op déi vermeintlecht Affär ëm e Gaardenhaischen ze schwätzen.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO