
An dat Besonnescht: Et ass eng Wanderung, bei där d'Natur am Mëttelpunkt steet, mee déi gläichzäiteg och e gudde Schotz Geschicht matbréngt. Den L2 ass en Tour – et geet also do lass, wou een och nees ukënnt: am Zentrum vun der Fiels, bei der Tourist Info respektiv beim Gemengenhaus.
Offiziell ass d'Wanderung als mëttel agestuuft. Fir déi knapp 8,6 Kilometer sollt een ongeféier zwou an eng hallef Stonn arechnen – wann een net dauernd stoe bleift. Mee dat wier eigentlech schued, well et einfach vill ze gesi gëtt - Fielsen, den idyllesche Menzebach, d'Schlass Meesebuerg, schéi Panoramaen.
Duerno geet et nees zeréck a Richtung Fiels. An um Enn waart nach e ganz anere Panorama: um Aussichtspunkt Verluerekascht kritt een eng flott Vue op d'Uertschaft an op d'Buerg vu Larochette, déi héich iwwer dem Duerf um Fiels sëtzt, déi ee vun de grousse Markenzeeche vun der Uertschaft ass.

A wann d'Wanderung fäerdeg ass, muss een och net direkt heem. Am Zentrum vun der Fiels, op der Bleech, fënnt een Caféen, Restauranten an e puer Geschäfter – also ideal, fir d'Wanderung gemittlech ausklénge ze loossen.