BGL LigueBouf vum Pierre Littbarski wiesselt op d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
De Lucien Littbarski hat zanter dem Summer 2025 kee Veräin mei. Säi Papp ass de Pierre Littbarski, däitsche Weltmeeschter vun 1990.
Lucien Littbarski am Tricot vun der Escher Jeunesse
Lucien Littbarski am Tricot vun der Escher Jeunesse
© Jeunesse Esch / Facebook

D'Jeunesse huet sech mat engem weidere Spiller verstäerkt. De Lucien Littbarski huet bei deenen Escher e Kontrakt ënnerschriwwen. De Familljennumm "Littbarski" dierft ville Leit e Begrëff sinn. De Pierre Littbarski gouf 1990 mat Däitschland Weltmeeschter. Elo spillt da säi Bouf Lucien Littbarski zu Lëtzebuerg Futtball.

Den 23 Joer alen Däitschen huet och japanesch Wuerzelen a stoung ënner anerem bei Viktoria Köln a Greuther Fürth ënner Kontrakt. Forméiert gouf de Mëttelfeldspiller beim VfL Wolfsburg, wou säi Papp Pierre Littbarski ënner anerem als Co-Trainer an der Vergaangenheet aktiv war.

Back to Top
CIM LOGO