Frech duerch de Summer - Episod 8Fluchen ewéi aus dem Billerbuch

Jean-Marc Turmes
„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. Beim Jean-Marc Turmes ass den Alexandre Ecker vum ZLS.
© RTL Grafik

„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Alexandre Ecker: Salut, Jean-Marc! So, wa mer haut scho frech matenee sinn, da sollte mer dat wéinstens mat e bësse Stil maachen, mengs de net och?

Jean-Marc Turmes: Absolut! E bësse Stil muss ëmmer sinn! Mee du muss mer awer da méi genee erklären, wéi dat soll goen!

Alexandre Ecker: Ma mir benotzen dofir e Stilmëttel, an zwar dat vun der Metapher. D’Metapher erlaabt engem et, eppes an der Sprooch mat Biller auszedrécken.

Wann ech der elo géif virgeheien, du wiers e Paltongszéier, da géifs de jo net wierklech dengem Chef oder denger Cheffin dee ganzen Dag um Läpp hänken, oder?

Jean-Marc Turmes: Nee, ech géif stänneg a mat alle Mëttele versichen, mech beléift ze maachen ... an awer kann een sech dat Bild richteg gutt virstellen!

Alexandre Ecker: A genee dat mécht déi Wierder esou flott ... domat kann een da fluchen ewéi aus dem Billerbuch: Wat häls de zum Beispill vun der Ierbessenzielerin?

Jean-Marc Turmes: Déi zielt wuel och net wierklech d’Ierbessen, mee dat Bild hëlleft awer verstoen, wéi klenglech/pedantesch d’Persoun ass ...

Alexandre Ecker: ... a mat hirer Aart a Weis gëtt se dann och warscheinlech séier zu enger Nervesee, engem Plogeescht oder engem Leitsgeheier!

Jean-Marc Turmes: D’Nervesee an de Plogeescht, do erkennt een d’Bedeitung direkt: Eng Kéier gëtt bildlech un den Nerve geseet, eng Kéier huet een et mat enger Zort Poltergeist ze dinn, mat deem ee geplot ass. Mee wéi ass de Leitsgeheier dann ze verstoen?

Alexandre Ecker: „Mat deem ee geplot ass“ hues de elo just gesot … kéints de dat och anescht ausdrécken?

Jean-Marc Turmes: Vläicht „mat deem ee gehäit ass“?

Alexandre Ecker: Genee! De Leitsgeheier ass een, deen d’Leit gehäit, mat deem se gehäit sinn: E Leits-Geheier eeben!

Jean-Marc Turmes: Merci fir d’Erklärungen! Also vun haut u fluche mer just nach mat Stil! Bis dann!

Alexandre Ecker: Merci och a bis dann!

Back to Top
CIM LOGO