Se ass ganz rar, et gesäit ee se dacks net a se trëfft dacks Leit, déi jonk an eigentlech soss gesond sinn. Rieds ass vun der Krankheet Lupus.
Well dëse Mount de "Mount vu Lupus" ass, war de Pierre Jans an den CHL op Eech, fir mat enger jonker Patientin an hirem Dokter iwwer déi chronesch Autoimmunkrankheet ze schwätzen.
Zanter ongeféier engem Joer kënnt d'Julie Cavaleiro all véier Wochen bei den Dr. Da Silva an d'Kontroll. Bei hir hat alles mat Häerzproblemer ugefaangen. No villen Rendez-vouse bei diversen Dokteren an zeg Analyse stoung fest: Lupus.
Déi 19 Joer al Patientin erënnert sech: "Et war e grousse Schock fir mech. Ech wousst net wierklech wat Lupus wär. Ech weess nach, dass ech eng ganz Woch laang alles nogesicht hunn. Ech hu mir richteg e Kapp gemaach. Ech hunn och d‘Symptomer am Internet gesicht. Ganz dacks sinn et komesch Plazen um Kierper. Ech hunn ugefaangen, op mengem Kierper ze sichen. Mä ech hunn näischt fonnt. Ech hu mir geduecht, et ass onméiglech, dass et Lupus ass.“
Déi dacks onsiichtbar Krankheet eben. Den Immunsystem attackéiert den eegene Kierper, amplaz en ze protegéieren.
Den Dr. Vital Da Silva ass op autoimmun Krankheete spezialiséiert: "Gottseidank si bei Lupus net ëmmer déi selwecht Organer selwecht staark ugegraff. D'Krankheet ka méi harmlos sinn, awer och ganz aggressiv. Et ass also ganz ënnerschiddlech. Verschidde Betraffener kënnen ënnerschiddlech a méi oder manner schlëmm Symptomer hunn.“
Dat mécht et fir d'Patientinnen – a quasi 90 Prozent sinn et nämlech jonk Fraen – schwéier, d‘Gefor ze erkennen, awer och fir d'Dokteren Lupus ze diagnostizéieren, erkläert den Dokter: "Ebe wéinst de Symptomer, déi um ganze Kierper kënnen opdauchen: Aphten, Hoer, déi ausfalen a vill aner Saachen. An der Haaptsaach ass de Symptom awer d‘Middegkeet."
Dovu kann och d'Julie Cavaleiro e Lidd sangen: "Mir ass dacks dronken, vun engem Moment op deen aneren. An ech verléieren zanter der Diagnos och vill Hoer. Mä soss sinn ech net wierklech ageschränkt."
Beim Sport muss d'Schülerin e bësse lues maache wéinst dem Häerz. Den Dr. Da Silva lauschtert dofir besonnesch bei hir reegelméisseg d'Häerz of.
Lupus gëtt d'Patientin leider net méi lass. Mä si léisst sech net ënnerkréien:"Et kann ee jo kucken, dass dat net komplett ausaart."
Dofir ass och de medezinesche Suivi ganz wichteg. Wa si weider esou gutt op hir Hygiène de vie oppasst – genuch Beweegung a gesond Iessen – a weider hir Medikamenter hëlt a reegelméisseg heihin an d‘Traitement kënnt, wäert si hiert Liewe mat Lupus gutt liewen.
Antëscht ass si och Kontakt mat anere Patientinnen, epes wat hir kuerz no der Diagnos nach gefeelt hat.
Well rar Krankheeten ewéi Lupus schwéier z‘erkenne sinn, awer heiansdo séier Traitementer verlaangen, huet den CHL e System installéiert, fir betraffe Leit effikass z‘orientéieren. Dee Fast-Track, déi Zort Ofkierzung, kann een iwwer follgend Email-Adress huelen: ern.reconnet@chl.lu.