Wat wier Chrëschtdag ouni déi richteg Deko? An där fannt Dir, ënnert anerem, op der Cap. Dat bei der Ligue HMC déi sech fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung asetzt.
Fir Chrëschtdag an iwwerhaapt fir déi méi donkel Joreszäit mécht een et sech gäre gemittlech doheem. A fir déi richteg Ambiance ze kréien, mécht ee sech och nawell gären e puer Käerzen un. Ma wousst Dir, dass Dir där och “made in Luxembourg” fannt?
Käerze vun Heischent
Sou ëm d’Chrëschtdagszäit gëtt et e Kuch deen een op ville Plaze fënnt. Riets geet vum Chrëscht-Stollen. Fir dass dëse säin Aroma sou richteg entwéckele kann, gëtt recommandéiert de Kuch eng Zäitchen am Keller ze lagere nodeems e gebak gouf. Et sief dann et hätt een eng Grouf, sou wéi déi zu Stolzebuerg. Hei gëtt et zanter 5 Joer de “Stollen aus dem Stollen”.
E Stollen aus dem Stollen
Wat kënnt Chrëschtdag da sou bei Iech op den Dësch? Bei ville Leit ass grad fir d’Feierdeeg Raclette ugesot. An do muss een net wäit siche goe fir dee richtege Kéis ze fannen.
Raclette mat Lëtzebuerger Kéis
Hutt Dir Äre Chrëschtbeemchen schonn doheem an der Stuff? Wann net, da gëtt et sou lues Zäit sech ëmzekucken éier keng méi do sinn. Zum Beispill no engem Beemchen aus Lëtzebuerg.
Chrëschtbeemercher vum Heesberhaff
Den Heesberhaff ass iwwregens all Dag fir Iech op an do fannt Dir qualitativ Nordmann Beemercher vu verschiddene Gréissten.
Wann een op de Chrëschtmaart geet, dann ass sou e Glühwäin fir déi meescht e Must. Schonn eleng de Geroch vun de Gewierzer déi dra sinn, suerge fir Chrëschtdag-Stëmmung. Ma wéi wier et mol mat engem Glühgin aus Lëtzebuerg?
Glühgin aus Lëtzebuerg
Wat wier Kleeserchersdag a Chrëschtdag ouni Schockela? An do gëtt et eppes fir jiddereen, wann och meeschtens aus dem Ausland. Ma och hei zu Lëtzebuerg gëtt Schockela gemaach, dat ënnert anerem am Süde vum Land,
Schockela vun Diddeleng