Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Philip Crowther

Patrick Greis
De Philip Crowther mellt sech op knapp 40 TV-Statioune wann d'Aktualitéit rifft.
© Patrick Greis

De Journalist lieft an Amerika an zielt am Café des artistes am Gronn iwwer seng ofwiesslungsräich Aarbecht, seng Famill a seng zum Deel net ongeféierlech Asätz. Awer och säi Kontakt mam Trump, seng Meile vu Flich ronderëm d’Welt, säi schwaarzen Humor, seng Léift zum Fussball, seng Famill a seng sechs Bekannten, mat deenen hien all déi Sprooche geléiert huet, ginn beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel ausféierlech diskutéiert.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO