
Ronn 12 Kilometer ass d’Ronn laang, mat ronn 270 Héichtemeter – also net grad e Spadséiergang fir tëschenduerch. Mee dofir kritt een ënnerwee och eppes gebueden. De Parcours féiert duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft ronderëm Pärel an ass en Deel vum Saar-Hunsrück-Steig. An et ass virun allem d’Naturschutzgebitt Hammelsberg, dat de Wee esou besonnesch mécht, Manuel Thielen, Wegewart vun der Gemeng Pärel:
Hei fënnt een um waarme Kalleksteen vill verschidden Aarte vu Planzen, dorënner eng ganz Rëtsch wëll Orchideeën. A wann ee weidergeet, kënnt nach eppes dobäi, wat dem Wee säin Numm gëtt: déi grouss Panoramablécker. A genéisst een hei d'Vue, ass dat tatsächlech grenziwwerschreidend: Lëtzebuerg, Frankräich an d’Museldall leien am Bléckfeld.
De Wee huet also net nëmmen e klore Start an e Schluss, mee och seng eege kleng Dramaturgie: mol geet et biergop, mol gëtt et nees méi gemittlech – an da kënnt dee Moment, wou sech d’Landschaft virun engem opmécht.

Fir e puer Stonnen eraus, de Kapp fräi kréien an dobäi eng Landschaft entdecken, déi een aus enger ganz anerer Perspektiv gesäit – dofir lount sech de Panoramawee zu Perl.