Spezialitéite vu MallorcaOp Besuch am Buttek "Can Gourmet"

Dan Spogen
Iessen a drénken gëtt op der Insel och ganz grouss geschriwwen.
© Dan Spogen

An enger Niewegaass zu Palma, direkt niewt der Haaptplatz, dem Passeig Born ass de Buttik Can Gourmet. Gefouert gëtt dësen zanter 2012 vum Sandra a sengem Mann dem Patrick. Si schwäermen natierlech vun den typeschen Mallorquinesche Produiten.

D’Sandra an de Patrick soen, datt d’Touristen schonn och kucken datt se authentesch Mallorquinesch Produiten kafen. Op mannst an hirem Buttek ass dat mol de Fall. Vill Lëtzebuerger gehéieren iwwregens och zu hirer Clientèle.

Sprangt roueg mol beim Sandra a Patrick bis eran, wann der an der Stad Palma op Shopping Tour sidd. E léiwe klenge Buttek mat ganz vill Léift gemaach.

Iessen a drénken gëtt op Mallorca och ganz grouss geschriwwen.

Homepage Can Gourmet

Back to Top
CIM LOGO