Den neie Member vum Staatsrot war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Fir den Alex Bodry geet et vum Krautmaart op de Fëschmaart.
Et war net mäin Dram fir an de Staatsrot ze wiesselen, ech hunn dat aus enger politescher Iwwerleeung eraus gemaach, fir Plaz an der Chamber ze maachen, seet den Alex Bodry um Freideg de Moien am RTL-Interview.

Et wier säi Choix gewiescht an et wier keen Drock op hie gemaach ginn, sou de fréiere Minister a Fraktiounschef vun der LSAP. Et hätt och Perséinleches matgespillt, zum Beispill stressbedéngt gesondheetlech Problemer.

Op där anerer Säit géifen et awer och och politesch Argumenter gi fir opzehalen. D'Verfassungsreform hätt hie motivéiert, fir nach ze bleiwen. Hie wier e bëssen enttäuscht, datt déi grouss Reform elo net kënnt.

Den Alex Bodry presidéiert déi nächst Woch eng leschte Kéier déi parlamentaresch Institutiounekommissioun. De Mars di Bartolomeo wier a sengen Aen e gudde Mann fir do d'Relève ze iwwerhuelen.

Op d'Dräier-Koalitioun kéimen dräi schwiereg Dossieren duer.  
Um Steierrecht géinge sech d'Geeschter scheeden, notamment tëscht Sozialisten a Liberalen.

Och bei der Ëmsetzung vum Klimapak a bei der Logementsdiskussioun géifen et duerchaus verschidde Positioune ginn.
Hie géif hoffen, datt d'Koalitioun et packt, ma et géif net einfach ginn.

De Franz Fayot kéint wuel den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister ersetzen. Hie wier vum Fach, wier 6 Joer President vun der Wirtschaftskommissioun gewiescht a wier an dëser Situatioun de richtege Choix gewiescht.

Mam Départ vum Etienne Schneider an Alex Bodry stéing d'LSAP net virun engem personellem Iwwerliewenskampf, fënnt den Alex Bodry, deen elo 35 Joer dobäi war. Och anerer hätte mol kleng ugefaangen.

Et wiere wuel Leit hannendrun elo, fiert den Alex Bodry weider an nennt den Dan Kersch, d'Paulette Lenert oder d'Taina Bofferding. Hie géing d'Francine Closener iwwerdeems gutt an der Roll vun der LSAP-Presidentin gesinn.

Am Staatsrot géing d'Aarbecht fir hien elo eng aner ginn. Déi juristesch Aarbecht géing him awer Spaass maachen.
Beim Conseil d'état wieren et och eng Rei Ouverturë ginn déi lescht Joren an et kéinte weiderer nokommen. Et géing drop gehale ginn, fir bei den Avisen e Kompromëss tëschent de verschiddenen Acteuren ze fannen.

Invité vun der Redaktioun: Alex Bodry

Kompletten Interview am Replay

Invité vun der Redaktioun: Alex Bodry
Den neie Member vum Staatsrot war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.