En Dënschdeg de Moie war d'LSAP-Deputéiert a Member vun der parlamentarescher Schoulkommissioun eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Schoule solle sou laang wéi méiglech opbleiwen an den adaptéierte Stufeplang ass gutt, well ee weess wou et higeet.
Dat seet d’Francine Closener, d‘LSAP-Deputéiert war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass Member vun der parlamentarescher Schoulkommissioun a Porte-Parole vun der LSAP a Saache Schoul.

Mam neie Stufeplang kéint ee generell an och lokal reagéieren, wann d’Situatioun et erfuerdert. Et hätt een sech déi néideg Flexibilitéit ginn. De Plang géif Drock ewech huelen, well den Drock wär do... bei de Schüler, Enseignanten an och den Elteren. Eng grouss Middegkeet, eng Flemmsegkeet kéint ee feststellen.

Op d’Masken an der Schoul ugeschwat sot d’Francine Closener, et wär kee frou, datt ee misst eng Mask unhunn, mä d’Kanner géifen dës Mesure verstoen a se och ëmsetzen.  
 
Déi mental Gesondheet misst eng Prioritéit ginn, sou d'Francine Closener. E Psycholog an enger Schoul wier kee Luxus, och an der Grondschoul misst sou een op d'mannst deelweis present sinn.
Den Enseignant wier méi wéi e Wëssensvermëttler a misst dofir déi néideg Outile kréien.

De Gesetzprojet vun externen Direkteren a verschiddene spezialiséierte Schoulen hätt der LSAP och Bauchwéi bereet. Dofir wier ee frou, datt dëse Projet op Äis läit an op eng nei Manéier soll ausgeschafft ginn. D'LSAP stéing op alle Fall fir eng staark ëffentlech Schoul.

D'Sozialiste komme bei de Wieler nees besser un. Do géing natierlech den Effet vun der Gesondheetsministesch spillen. D'Paulette Lenert wier och eng nei Leader-figur, sou d'Francine Closener.
Ma an enger Krisesituatioun géing een awer och gesinn, datt déi Wäerter fir déi d'LSAP stéing, zum Beispill d'Solidaritéit,   de Leit wichteg wieren.

Invité vun der Redaktioun: Francine Closener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu, op der App an am RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.