E Mëttwoch de Moie war de President vun der CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun Romain Wolff / Rep. Pierre Jans

D'Regierung mécht gezielt Falschaussoen, an dat ëmmer nees. Dat sot de CGFP-President Romain Wolff am RTL-Interview.

Et geet ëm de Gehälter-Accord mat der Staatsbeamtegewerkschaft. D'Regierung géif deen als Excuse notzen, fir sektoriell Verbesserungen ze verhënneren, dat wier awer eng falsch Interpretatioun vum Accord.

Den Educatiounsminister an dee vun der Fonction Publique hätten dat gemaach, also d‘DP-Ministere Claude Meisch a Marc Hansen. Wann d‘Regierung net wéisst, wat an deem Accord dra steet, da géif d‘CGFP gären eng Hand mat upaken. Et kéint en Avenant gemaach ginn, wou et ganz kloer preziséiert gëtt.

Och datt keng Steierreform kënnt, versteet CGFP net. D'Excuse "Corona-Pandemie" léisst d'Staatsbeamtegewerkschaft awer net gëllen. Speziell, well de Finanzminister ëmmer géif ënnersträichen, datt d'Land trotz Covid finanziell gutt géif dostoen. Op d'mannst punktuell Steiererliichterunge wieren deemno méiglech.

D‘Coronasteier, déi d‘LSAP an d‘Spill bruecht huet, misst ee ganz differenzéiert gesinn. D‘CGFP wär der Meenung, datt dat praktesch net ëmsetzbar wier. Wéi géif een zum Beispill definéieren, wien e Krisegewënner ass?

D'CGFP kritiséiert de Sozialdialog a fuerdert eng Tripartite. Dat wier ëmmerhin e Kriseninstrument. De Premier hat och gesot, virum Etat de la Nation, deen ass den 12. Oktober, sollt eng sinn. Et géif awer elo net duerno ausgesinn. De Sozialdialog hätt sech mat Corona op alle Fall net verbessert. Am September géif et konkret ginn, dann decidéiert d‘CGFP, wéi een am Hierscht weiderfiert a wat ee wëll ënnerhuelen.

D‘Impfe vu Staatsbeamte war am Interview och e Sujet. A verschiddene Länner gëtt iwwer eng Impfflicht fir Enseignanten oder Polizisten zum Beispill nogeduecht. De CGFP-President hält näischt dervun, fir een ze zwéngen. Hien hätt sech aus Iwwerzeegung impfe gelooss. Et wär e wichtegt a komplizéiert Thema, wou misst Iwwerzeegungsaarbecht geleescht ginn, fir datt Leit sech impfe loossen.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.