En Dënschdeg de Moie waren d'Europawalen an den Heescheverbuet Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun.

“Et ass net eng Diskussioun, wat ee mengt, mä Geriichter hu geschwat”, seet d’LSAP-Deputéiert a fréier Riichterin Paulette Lenert iwwert de vill diskutéierten Heescheverbuet. Fir si ass et kloer, datt et keng legal Basis gëtt fir de Verbuet. Déi Onkloerheet, déi et gëtt oder gouf, wär aus dem Raum geschafe ginn duerch d’Rechtssprechung. D’Geriichter hätten an deem Dossier schonn e puer Mol tranchéiert an déi Jurisprudenz wär kloer ze respektéieren.

Den Inneminister Léon Gloden kéint net einfach soen, hien hätt eng aner Meenung wéi d’Justiz, fënnt d’LSAP-Politikerin. Et wär bedenklech, wann ee sech oppen an ongenéiert géint d’Justiz géif stellen. Et géif ee vun de Bierger erwaarden, datt se d’Geriichter respektéieren. Déi politesch Institutioune misste mam gudde Beispill virgoen. Wa se mat de Geriichter net d’Accord wären, hätte se d’Méiglechkeet, per Gesetz eppes anescht ze reegelen.

Déi fréier Riichterin huet sech erféiert gewisen iwwer d’Behaarlechkeet mat där d’Diskussioune gefouert ginn. D’Debatt géif och net éierlech gefouert ginn. Jidderee wär sech eens, datt déi organiséiert Heescherei misst bekämpft ginn. Do géif et och déi néideg Texter ginn. Mä Ermiessenspillraum géif et net ginn, nom Motto wéi een Heeschert viséiert ass a wien net. D’Politik kéint der Police keng Instruktioune ginn. Dat wär eng Kompetenz vun der Staatsanwaltschaft.

D’Paulette Lenert hofft op Asiicht. En Dënschdeg de Mëtteg ass eng grouss parlamentaresch Kommissioun, wou den Innen- an d’Justizministesch derbäi sinn an de Procureur. Si hofft, datt de Premier Luc Frieden seng Justizministesch Elisabeth Margue ënnerstëtzt am Sënn vun der Rechtsstaatlechkeet an datt legiferéiert gëtt – also e Gesetz gemaach gëtt - fir datt et eng propper Debatt gëtt.

Nach keng Decisioun, ob d'Paulette Lenert fir Europawale kandidéiert

D’Paulette Lenert ass och op d’Europawalen am Juni ugeschwat ginn an ob si do Co-Spëtzekandidatin wier nieft dem Marc Angel. Dat wär nach net decidéiert, mä géif sech an den nächste Woche klären. Mä och ouni si wier et eng staark Lëscht. Doriwwer eraus hätt een och um nationale Plang eng grouss Aufgab, fir eng gutt an éierlech Oppositiounsaarbecht ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Paulette Lenert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.