"Spueren ass vläicht de falsche Begrëff: mir gi manner Sue méi aus"
En Donneschdeg de Moie war de Rapport iwwer de Budget Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'CSV-Deputéiert Diana Adehm huet déi ugekënnegt Spuermesuren en Donneschdeg de Moien hei op RTL relativéiert. Si ass och Rapportrice fir de Budgetsprojet fir de Recht vun dësem Joer, iwwert deen d'Chamber d'nächst Woch ofstëmmt. Déi lescht Jore sinn d'Depensë méi séier gewuess ewéi d'Recetten. Den Zentralstaat (ouni Gemengen a Sozialkeesen also) mécht iwwerdeems zanter Joren Defizit. De Finanzminister Gilles Roth huet bei de Presentatioun vum Budget de 6. Mäerz ugekënnegt, datt den Defizit déi nächst Jore géing "offlaachen". Méi Wirtschaftswuesstem, mee och Spuermesurë bei de Fonctionementskäschte sollen dat bewierken. D'Diane Adehm sot dozou: "Spueren ass vläicht de falsche Begrëff, mir gi manner Sue méi aus." Si huet puermol betount, d'Depensë wuesse weider, mee manner séier ewéi an der Vergaangenheet.
D'CSV-DP-Regierung huet sech nämlech vill virgeholl: d'Kafkraaft vun de Leit stäerken, d'Betriber entlaaschten, d'Investissementer héichhalen, am Logement a Militär esouguer eropschrauwen. D'Oppositioun, virop d'LSAP, warnt: Et gëtt kee Plang B, wa manner Depensen a Wuesstem net duerginn. D'EU-Kommissioun an den internationale Wärungsfong gesinn awer manner Croissance viraus ewéi de Budgetsprojet, huet notamment d'Zentralbank gewarnt. D'Diskussioun, "mat deem optimistesch an net optimistesch", déi géing et ginn zanter Budgete gemaach ginn, esou d'Diane Adehm. D'CSV-Deputéiert huet hire Finanzminister a Schutz geholl: Seng Previsioune baséieren op déi vum Statec: "hien huet sech déi Zuele jo net selwer op e Blat gemoolt an erfonnt."
Op d'Fro "wat dann, wann et net opgeet?", huet d'Diane Adehm zeréckgefrot: "Firwat soll et net opgoen?" Wann et an der Vergaangenheet net opgaangen ass, da war dat wéinst externe Schocken, esou d'Budgetsrapportrice. Elo géing et drëms goen, en "Apel fir den Duuscht" erëm opzebauen. Dofir gëtt vill op d'Croissance gesat, deemno vill op d'Finanzplaz.
Qualifizéiert Leit a "rien que la directive" fir d'Finanzplaz
D'Diane Adehm huet sech beim Ausschaffe vun hirem Rapport op d'Finanzplaz konzentréiert a kënnt zum Schluss zur Konklusioun, datt ee se nees misst schaffe loossen. D'CSV-Deputéiert huet de leschten zwou DP-LSAP-Gréng-Regierunge virgeworf, EU-Direktive méi streng ëmgesat ze hunn, wéi d'EU et géing froen: "Dat heescht, wa mer haut de Finanzsecteur kucken, dee muss immens vill an déi ganz Regulatiounssaache stiechen, ganz vill Leit, déi do schaffen, ganz vill Informatiksystemer opbauen, fir deene reglementareschen Obligatiounen nozekommen." An Zukunft wéilt ee just nach "la directive et rien que la directive" ëmsetzen.
An hirem Rapport zeechent d'Diane Adehm awer aner Pisten op, fir d'Ekonomie auszebauen a proposéiert zum Beispill, de Beräich vun der Cybersécherheet, wou méi Synergië mam Staat a mat der Finanzplaz kéint entstoen. Kruzial fir d'Finanzplaz, mee och fir d'Cybersécherheet wier qualifizéiert Personal an entspriechend geziilte Formatiounen, déi am Moment ugebuede ginn, esou d'Diane Adehm.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.