E Freideg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

An eiser Serie vun Invitéen en Vue vun den Europawalen, war et um Freideg de Moien un der Lëscht 9, der ADR. Hire Spëtzekandidat Fernand Kartheiser war eisen Invité vun der Redaktioun.

Fir d’ADR ginn et um europäesche Plang vill Defien: d’Institutiounen, d’Migratioun, d'Rechtsstaatlechkeet, individuell Fräiheeten wéi d’Meenungsfräiheet, d’Ekonomie an déi geostrategesch Lag vun der EU mat engem Krich an der Ukrain. Eng Pro-Ukrain-Politik kéint aus europäescher Siicht nëmmen heeschen, op de Wee vun de Verhandlungen mat Russland ze goen. Militäresch wier d’Ukrain nämlech amgaang ze verléieren an den Dialog wier sécher och am Interêt vu Moskau.

Dialog sichen an net Brandmauere bauen

Och de Fernand Kartheiser gesäit eng Gefor vun engem Rietsruck an der EU, mä hie wéilt méi wäit goen a léiwer vun "Extremismen" schwätzen. Och um lénke Bord mat de Woke-Beweegungen, dem Islamismus an dem Öko-Radikalismus. Et géing een also ëmmer méi Clivagen an eiser Gesellschaft gesinn, ëmmer méi Géigesätz. Dat misst ee verhënneren, virop mat méi Dialog an net andeems ee Brandmaueren opriicht. Ugeschwat op déi däitsch Rietspopuliste vun der AfD, seet de Fernand Kartheiser, dass sech eng Zesummenaarbecht am Europaparlament fir si jo elo erleedegt huet, well d’AfD aus der rietser ID-Fraktioun ausgeschloss gouf. Am Ablack wier d’AfD fir d’ADR mol net méi theoretesch e Gespréichspartner.

Manner Zwäng fir d'Entreprisen

Déi europäesch Ekonomie relancéieren ass och eng Prioritéit fir d’ADR. D’EU hätt an de leschte Jore ganz vill reglementéiert an net innovéiert.  Et misst ee manner politesch Zwäng op d’Entreprisen leeën. Do nennt hien als Beispill d’Liwwerkettegesetz. Och bei der Dekarboniséierung vun den Entreprisë bräicht een eng aner Approche. Et soll een oppe si fir nei Technologien, souwuel bei der Energieversuergung, wéi och bei der Motoriséierung. Et dierft een de Leit net imposéieren, nëmmen Elektroautoen ze kafen. Do géing duerch de Green Deal ze vill Drock op d’Entreprisen ausgeüübt ginn. Dofir proposéiert d’ADR d’Sanéierung vun der Kuelekraaft.

Illegal Immigratioun stoppen

D’Immigratioun bleift fir d’ADR en zentraalt Thema. Et misst een déi illegal Migratioun komplett stoppen, och wann et vläicht en utopescht Zil wier. Mee et misst och kloer sinn, dass Leit déi wierklech Schutz brauchen, déi Asyl sichen, well se verfollegt ginn, och dierfen areesen, sou de Fernand Kartheiser.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.