An der Affär vun der illegaler Rave zu Béiwen géif eng Plainte gemaach ginn
En Dënschdeg de Moien war ënner anerem d'illegal Rave-Party zu Béiwen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wann esou organiséiert Gruppen op d’Plaz kommen, dann ass et ganz schwéier dat opzeléisen, well eng gewëssen Aggressivitéit ass ëmmer méiglech. Dat sot de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, de Marco Koeune en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Gemengt war déi illegal Rave-Party iwwert de Weekend um Bauschelter Bierg.
De Buergermeeschter vun der Stauséi-Gemeng huet confirméiert, dass Plainte géint Onbekannt gemaach gëtt. Et wéilt ee sech nach ofschwätzen, wéi se genee formuléiert gëtt.
Wat déi zolidd Präishausse beim SIDEC ugeet, wier et sécher net flott, dass een déi ganz misst un d’Menagë weiderginn. Et wier awer net anescht méiglech, fir e Bilan ze hunn, deen eenegermoossen opgeet. Un d’Leit ass et den Appell, vläicht e besseren Tri ze maachen: "...dat ass natierlech net flott, fir esou Message musse virunzereechen. Mär maachen den Appell, fir och ze versichen, Müll ze vermeiden... Grad de Gaspillage alimentaire...et gëtt méi wéi 1/3 Liewensmëttel ewechgehäit... dass mer do méi bewosst akafen, och manner Packungsmaterial kafen... Do géif ech och den Opruff maachen u jiddereen, fir dat ze reduzéieren..". Beim Sidec missten se nun emol kucken dass de Bilan opgeet.
De Marco Koeune huet awer och annoncéiert, dass de Waasserpräis an der Stauséi-Gemeng och wäert mussen eropgesat ginn, well e käschtendeckend misst sinn. Et misst ee leider den deierste Waasserpräis am Land applizéieren: "...do kann ech soen: vu menger Gemeng aus hu mer d'Berechnunge scho gemaach...do wäerte mir den deierste Waasserpräis musse fakturéieren aus dem ganze Grand-Duché..."
Eisen Invité ass dann och President vun der Baueren-Allianz. Déi aktuell Blozonge-Kränkt géif ville Bauere Suerge maachen. Den Appell wier dofir kloer: impfen, impfen, impfen.
Och beim Karschnatz wier den Ertrag dëst Joer net immens, leider weder quantitativ nach qualitativ, bedéngt duerch e relativ naasst Joer.
Méi einfach Strukturen am prozedurale Beräich missten dann elo endlech hier, fir de ganzen Agrarsecteur. Den Ament wier politesch zwar munches annoncéiert, bis ewell awer wéineg ëmgesat.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.