Mat Beweegung gesond an dat neit Joer
En Donneschdeg de Moie war d'mental Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
“Mir kommen an eng Zäit, déi méi onsécher ass. Dat muss awer net mat sech bréngen, datt een de Kapp hänke léisst”. Dat sot de Psycholog Marc Stein en Donneschdeg de Moien am Interview mat RTL. De President vun der Société luxembourgeoise des psychologues sot am Zesummenhang mat schlechten Noriichten, datt “Angscht net eis soll kontrolléieren, mee mir d’Angscht”.
Et sollt een och Kontroll iwwert seng “Informatiounsgewënnung” hunn. Et sollt ee sech informéieren, mee de Marc Stein huet eng “Digital Detox” recommandéiert, also net ëmmer “on” ze sinn, woubäi dat bei jidderengem anescht wier. De President vun der Société luxembourgeoise des psychologues huet an deem Sënn och begréisst, datt d’Notze vum Handy an de Schoule limitéiert wäert ginn.
Wat gutt Virsätz ugeet, huet de Marc Stein recommandéiert: “Maacht et net eleng. Zu zwee ass scho méi einfach.”
De Psycholog huet och confirméiert, dass et a sengem Beruff eng Penurie gëtt. Zanter d'Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt, wäre virun allem Psychotherapeute komplett iwwerlaf. D’Leit sollten dem Marc Stein no awer och net onbedéngt direkt bei de Psycholog oder Psychotherapeut, mee kéinte bei klenge Problemer och als éischt Hëllef an hirem direkten Entourage sichen.
De President vun der Société luxembourgeoise des psychologues huet och betount, dass et wichteg wär, dass de Beruff vum Psycholog endlech protegéiert géif ginn. Dee vum Psychotherapeut ass et ëmmerhi schonn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.