En Donneschdeg de Moie waren d'Institutiounen zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Alex Bodry

Der Chamber feelt et net u Mëttelen, dat huet den LSAP-Politiker a Member vum Staatsrot Alex Bodry en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun festgehalen.

Mat Bléck op déi rezent Affär ronderëm den ADR-Deputéierten Tom Weidig sot den Alex Bodry, d’Chamber kéint schwiereg intervenéieren, wann d’Feelverhalen net an der Chamber selwer geschitt. Ma et kéint ee sech op allgemeng Prinzippie beruffen, déi och am Code de Conduite vun den Deputéierte festgehale wieren, wéi d’Virbildfunktioun an d’Tatsaach, dass d’Reputatioun vun der Chamber net dierft beschiedegt ginn. Also hätt d’Chamber eigentlech schonn d’Méiglechkeet, an dësem Fall anzewierken, mee huet et net gemaach.

Donieft sot den Alex Bodry, dass d’Immunitéit vum Deputéierten net onbedéngt spillt, wann Aussoen op soziale Medie gemaach ginn. Dës Aussoe géingen nämlech net an d’Exekutioun vu sengem Deputéierte-Mandat falen.

Chamber ass ze schwaach vis-à-vis vun der Regierung

D’Chamber wier deelweis ze schwaach vis-à-vis vun der Regierung, a se géif sech bei der legislativer Aarbecht zanter Joerzéngten ze vill op de Staatsrot verloossen, kritiséiert den Invité. D’Majoritéit an der Chamber sollt sech net nëmmen als verlängerten Aarm vun der Regierung begräifen, mee als eegen Institutioun wierken. An d’Oppositioun wier och net just do fir all d’Regierungsaarbecht schlecht ze maachen, mee misst sech och als eng wichteg Institutioun gesinn. D’Deputéiert dierfen och net nëmmen no Partei-Politik raisonéieren.

De Staatsrot gëtt dacks den Toun un

De Staatsrot bestëmmt den Tempo vu gewëssene Reformen hei am Land an och den Detail vun de Formulatiounen. Mat der Méiglechkeet vun engem suspensive Vetorecht, wat d’Dispens vum 2. Vott an der Chamber ugeet, hätt déi héich Kierperschaft vill Pouvoir, well zanter 1987 wier dat ni méi virkomm. Spréch, de Staatsrot hätt sech ëmmer duerchgesat, erkläert den Alex Bodry.

Wat d’Net-Nominatioun vum Max Leners an de Staatsrot ugeet, do betount de Politiker, dass dat net hätt dierfe geschéien. Et wier eng Première an der Geschicht vum Staatsrot, dass e Kandidat vun där Partei, déi d’Recht hat eng Persoun ze proposéieren an déi en plus de richtege Profil hat, dass de Kandidat net geholl ginn ass.

Interessekonflikter zu Lëtzebuerg: brisante Sujet

Interessekonflikter zu Lëtzebuerg wier e ganz schwieregt Feld, well de Leit hei am Land dacks d’Bewosstsi feet, dass et iwwerhaapt en Interessekonflikt kéint ginn. Et geet duer, dass d’Apparence vun engem Interessekonflikt besteet an da misst een eigentlech schonn d’Fangeren ewech hale vun den Texter a vun Diskussiounen, wou dat kéint de Fall sinn. 
Dat Bewosstsinn ass awer a villen Institutiounen net do, erkläert den Alex Bodry. Dat ass Nei-Land fir Lëtzebuerg.

Gréisste Gefor, dass de Rechtsstaat a Fro gestallt gëtt

Am Buch gëtt de Sozialist och eng Rei Reform-Pisten, déi grad opgrond vun der internationaler Entwécklung wichteg wieren. Mat Bléck op d'Ausland gëtt et nämlech eng reell Gefor, dass de Rechtsstaat- an d’Primautéit vum Gesetz a Fro gestallt ginn duerch nei politesch Majoritéiten. "Dass da gemengt gëtt, et kann een egal wat maachen, et brauch een net méi no de Gesetzer ze kucken, et brauch een net méi no der Verfassung ze kucken".

Mat Bléck op déi rezent Aussoe vum Donald Trump géing dat him Suerge maachen, sou den Alex Bodry. Et wier elo Zäit, och hei am Land eng Diskussioun ze féieren, wéi een d’Verfassung ka preservéieren a wéi een och d’Onofhängegkeet vun der Justiz ka garantéieren. Och wann hien ni gemengt hätt, dass een dat hei am Land jee misst maachen. 
Eng weider grouss Aufgab wier, déi auslännesch Populatioun an d’Politik mat anzebezéien. Soss wier ee gläich an der Situatioun, dass d’Elektorat net emol méi d’Hallschent vun der Bevëlkerung duerstellt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.