INPA hëlleft bei Restauratioune "mat Rot an Dot"
En Dënschdeg de Moie war de Lëtzebuerger Patrimoine Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wann e Gebai ënner Denkmalschutz gesat gëtt, hëlleft de Staat mat bis zu 50 Prozent bei der Restauratioun vum Gebai. Dat huet den Direkter vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), fréier Sites et Monuments, de Patrick Sanavia, en Dënschdeg de Moien hei op RTL betount. Hien huet ofgestridden, datt Wunnprojeten duerch Denkmalschutz géinge méi deier ginn.
Aktuell wiere ronn 21.000 Gebaier geschützt, dorënner 2.650 national, also duerch den INPA. Déi aner vun de Gemenge selwer. "Leider Gottes huet sech anscheinend ronderëm geschwat, datt näischt kéint (mat deene Gebaier) passéieren. Et ass awer net richteg", esou de Patrick Sanavia. 1.000 Restauratioune wieren amgaangen, mat Privatleit, Gemengen an Entreprisen.
Den INPA wier och do fir mat "Rot an Dot" ze hëllefen: finanziell mat bis zu 50 Prozent vun de Restauratiounskäschten. Vum Kulturministère géing et och Subventioune ginn. Et géing een esou ënnerstëtzten, datt e Projet "net méi deier gëtt duerno". Den INPA wier keng "Brems", sou de Patrick Sanavia. Wat d’Paschtoueschhaus zu Boufer ugeet, mat deem de Besëtzer Servior näischt weess unzefänken, géing et och dorobber erauslafen, datt et verkaf gëtt an et géing schonn Interesséierter ginn.
D’Demarchë vum Institut wieren esou objektiv wéi et geet a rechtlech zolidd. Et misst ee jo de Besëtzer erklären a beweisen, firwat den INPA eppes klasséiert. Wann d’Leit net averstane wieren, kéinte se och viru Geriicht kloen, dowéinst misst een alles gutt dokumentéieren.
Jidderengem oder Kengem gerecht?
Deenen enge schützt den INPA ze vill, deenen aneren net genuch. De Patrick Sanavia mengt net, datt eng Uertschaft vergiess gi wier. Den Direkter vum INPA huet zouginn, datt säin Institut déi lescht Jore kee "koherenten a konsequenten" Denkmalschutz hätt kënnen opstellen. No der Reform vu Sites et Monuments hätt een awer Inventairen an de Kulturminister kéint Propose maachen.
D'Krittäre goufen et schonn, ma se hätten elo och eng base légale, mat virop deem vun der "Authentizitéit", bannen a baussen. E Gebai misst en Zeie si vun engem Genre, vun enger Typologie, vun enger Geschicht, sou de Patrick Sanavia. Hien huet als Beispiller eng militäresch, reliéis oder politesch Geschicht genannt. E lieu de mémoire, vläicht verbonne mat engem Personnage.
Den INPA hëlt och "Recul" a klasséiert net direkt nei Gebaier. Op d’Fro, ob nei Citéen, Contournementer, Gebaier um Kierchbierg oder Ban de Gasperich et verdénge géingen, enges Dages als Patrimoine ugesinn ze ginn, huet de Patrick Sanavia geäntwert: "Sécherlech net alles, vläicht och net ganz vill, well et geet och ëm Qualitéit."
Um Kierchbierg wier awer ëmmerhin dat aalt Gebai vun der europäescher Investitiounsbank a sengen Aen interessant. Dat ass dat, vun uewe gesinn, kräizfërmegt Gebai direkt lénks, wann een no der Rouder Bréck um Kierchbierg no lénks fiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.