E weidert eidelt Haus suergt fir Diskussiounen a Kappzerbrieches: Dat sougenannt Paschtoueschhaus zu Boufer tëscht Walfer a Luerenzweiler.

Et läit tëscht Heeschdref an Hielem fir ganz präzis ze sinn, direkt op der Haaptstrooss, riets vun der Entrée vum Altersheem "am Park".

Zanter 2022 ass d’Haus geschützt an de fréiere Buergermeeschter vu Luerenzweiler Jos Roller huet virun enger Woch op en Neits kritiséiert, datt d’Haus 25 Joer laang eidel steet, verkënnt an no der Klasséierung kee Suivi géing gemaach ginn.
 
D’Haus staamt aus dem 19. Joerhonnert a gehéiert dem Staat. D’Parcelle (laut Kadaster 20,2 Ar an den Hänn vum Domaine de l’État) gi vum Finanzministère geréiert a goufe fir de Familljeministère affektéiert, well et direkt nieft dem Altersheem "am Park" vu Servior läit. De staatlechen Déngschtleeschter fir Senioren wëll een neie méi groussen Altersheem bauen, mee e kann eegenen Aussoen no näischt mam Paschtoueschhaus ufänken, wéinst de ville "Contrainten", déi d’Klasséierung mat sech brénge géing.

Mir waren dëse Mëttwoch op d’Plaz an hunn de verschiddenen Acteure Rendez-vous ginn: de Jos Roller, d’aktuell Buergermeeschtesch vu Luerenzweiler Marguy Kirsch-Hirtt, d’Spriecherin vu Servior Nathalie Hanck an den Direkter vum INPA, fréier Sites et monuments Patrick Sanavia.

3,5 Milliounen Euro néideg

Bei praller Sonn an héijen Temperaturen entsteet eng ziviliséiert Diskussioun, déi mir mat Kamera ophuelen. D’Nathalie Hanck ergräift d’Initiativ an erkläert, datt d’Gäng an d’Héischt vun de Plaffongen net adequat fir Seniore wieren an dobäi kéim eng Verseuchung mat Asbest. D’Spriecherin vu Servior, d’Nathalie Hanck chiffréiert de Käschtepunkt bei 2,5 Milliounen Euro fir d’Haus ze renovéieren an 1 Millioun, fir et virdrun ze sanéieren. Dat fir 120 meter carré, déi net altersgerecht ze gebrauche wieren.
 
Den Direkter vum INPA Patrick Sanavia reagéiert a seet eng Deklasséierung vum Paschtoueschhaus wier déi lescht Optioun. Wa Servior wierklech net wéisst, wat ee soll domadder maachen, kéinten de Staat oder d’Gemeng et opkafen. Him wieren och Leit bekannt, déi interesséiert wieren, den Terrain an d’Paschtoueschhaus ze kafen. D’Nathalie Hanck vu Servior sot selwer och, datt wa sech keng Léisung tëscht den Acteure fënnt, een d’Parzelle mam Paschtoueschhaus un de Staat wéilt zréck ginn.
 
De Patrick Sanavia ass iwwerzeegt, datt d’Gebai nach kann déngen: "fir ze wunnen (...), vläit e Geschäft, en Notaire, en Dokter, eng Apdikt". Hien erkläert, datt eng Sanéierung bis zu 50% matfinanzéiert gëtt. Wann den Daach misst gefléckt ginn, géing de Staat och hëllefen. Doriwwer eraus kéint een och en Ausbau um Terrain hannert dem Haus virgesinn, fir de Projet ze rentabiliséieren. (En face vum Paschtoueschhaus ass iwwregens en anert aalt Haus a privaten Hänn an do gesäit e Projet nei Wunnenge ronderëm dat aalt Haus an der Mëtt entstoe kéinten.)
 
Den Direkter vum INPA preziséiert och, datt d’Contrainten net a Stee gemeesselt wieren. Et bräicht een awer emol fir d’éischt e Projet, an da kéint zesumme mam Propriétaire gekuckt ginn, wéi streng ee géing bleiwen oder eventuell «méi lassloossen». De Beweis, datt d’Klasséieren am Intérêt vun de Leit wier, gesäit hien doranner, datt vu ronn 2.600 geschützte Gebaier, der iwwer 1.000 en Chantier wieren.
 
Firwat huet Servior d’Klasséierung dann net kontestéiert?
 
De Patrick Sanavia huet och betount, datt d’Regierung den Inventaire vun de 60 klasséierte Gebaier um Territorie vu Luerentzweiler Ufanks vum Joer konfirméiert hätt. Op d’Fro firwat Servior d’Klasséierung net kontestéiert huet, änwert d’Nathalie Hanck, datt d’Ausschaffe vum Projet vun engem neien Altersheem um aktuelle Site elo réicht am Kalenner wier. Servior hätt viru 25 Joer d’Gestioun vu ville verschiddene Gebaier am Land kritt, aus zäitleche Grënn hätt een sech nach net éischter ëm de Projet ronderëm dat fréiert Paschtoueschhaus zu Boufer kéinte këmmeren.
 
Elo géing Servior awer en «avant-projet sommaire» finaliséieren a fir d’Rentrée dem Familjeministère présentéieren. Iert een e Projet lancéiert, bräicht een och schonn den «accord de principe» vum Ministère fir ze wësse wat finanzéier bar wier, esou nach d’Nathalie Hanck.
 
Vu Säite vum Familjeministère krute mir e Freideg scho gesot, datt Servior fir den Terrain um 152, route de Luxembourg zu Boufer zoustänneg ass. De Ministère muss deemnächst awer och op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP iwwert d’Paschtoueschhaus äntwerten.

Wat gesäit de Projet vu Servior vir ?

Den neien Altersheem soll amplaz ewéi elo 104 Zëmmer aus de 70er Joeren, der 150 hunn an et kéim e Foyer de jour fir 24 Leit dobäi. De Projet gesäit en neit Gebai mat 3 Stäck vir, wat direkt un der Haaptstrooss wier. Wann dat neit Gebai fäerdeg wier, géing déi al Struktur hannendrun Plaz maache fir en neie Park. D’Parkplaze lénks vun der Entrée vum Altersheem, déi null Denkmalwäert hunn, géinge verschwannen.

 

Roller, respektiv Böll: "Ich höhre viele Flügel schlagen, sehe nie ein Vogel aufsteigen"

Dat hei ass "e bëssen e Schandfleck", esou d’Buergermeeschtesch vu Luerenzweiler iwwert dat eidelt Paschtoueschhaus. D’Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit/LSAP) seet der Gemeng wieren d’Hänn gebonnen. Elo wou d’Paschtoueschhaus klasséiert ass, kéint se Mol net méi ordonéieren, datt et ofgerappt gëtt. Den Terrain ëmklasséieren géing och näischt un der Situatioun änneren. An et kéint een och de Besëtzer net zwéngen eppes ze maachen.
 
De fréiere Buergermeeschter vu Luerenzweiler, de Jos Roller, deen huet nom Echange tëscht Hanck a Sanavia mat engem Zitat ugefaang, deen hien dem Heinrich Böll attribuéiert: «Ich höre viele Flügel schlagen, sehe nie ein Vogel aufsteigen».
 
Den LSAP-Genosse schwätzt vun "Excusen" an déi selwecht Argumenter zanter Joren. Fir hie missten endlech all d’Acteure sech un den Dësch sëtzen an Decisiounen huelen, mee hie bleift skeptesch. Hie wier sécher, datt d’nächst Joer nach ëmmer näischt geschitt ass.