Et ass Mëttwoch an déi nei Kinoswoch steet virun der Dier. Ganzer zéng nei Filmer kann een sech uechtert d'Land op de groussen Ecrane ginn. Wat fir eng dat sinn, weess den Tom Dockal, deen eis déi elo all ganz kuerz virstellt. Top...

091024 Nei am Kino 15h40

…Chrono. A lass. Lee mam Kate Winslet an der Haaptroll ass de Biopic iwwert Fotografin Elizabeth Lee Miller, engem Fashiomodel, wat iergendwann decidéiert huet, fir d'Vogue den Zweete Weltkrich fotografesch ze dokumentéieren. De Film ass vum Ellen Kuras realiséiert, der Kamerafra hannert ë.a. Eternal Sunshine of the Spotless Mind. Nieft dem Winslet sinn nach vill anerer am Casting: Josh O'Connor a Noémie Merlant, fir just déi ze nennen.

Do dernieft sinn am Utopia zwee franséisch Filmer ze gesinn. Eemol Quand vient l'automne, den neie Film vum François Ozon. Mam Hélène Vincent an dem Josiane Balasko, déi zwee eeler Semester spillen an déi usech hir wuelverdéngte Pensioun liewe wëllen. Hir Enkel a Kanner loossen hir just wéineg Rou. TKT oder T'inquètes ass e Mobbing-Drama aus der Belsch, koproduzéiert vun der lëtzebuergescher Deal Productions.

Niewt engem Animatiouns-Transformers-Film gëtt et mat De Fox an d'Fonsi retten de Bësch nach eng zweet Koproduktioun am Programm. En hollänneschen Animatiounsfilm an enger lëtzebuerger Versioun. Mee et gëtt nach eppes Drëttes Lëtzebuergesches. Am Programm vun de Cinextdoor-Regionalkinoen leeft Moitié moi vum Nora Wagner a vum Kim El Ouardi. En Documentaire iwwert d'Kreatioun vun engem Danzstéck. En Doc, deen d'Grenzen vun Dokumentareschem an der Fiktioun verwëscht.

Super/Man: The Christopher Reeve Story ass en aneren Documentaire iwwert de Schauspiller, deen de Superman verkierpert an en tragescht Liewensenn hat. Dann ginn et mat Vettaiyan a Jigra zwee déck Bollywood-Filmer neess. Midas Man, e Film iwwert de Brian Epstein, de Manager vun de Beatles, leeft am Utopia mat Hëllef vun der British and Irish Film Season. An dann huet Cinextdoor nach Der Buchspazierer mam Christoph Maria Herbst. Sou, all zéng Filmer duerch. Wat seet d'Auer?