Fir de Film vun der Woch muss de Kinosbesuch dezentraliséiert ginn. Well de Film – entre guillemets - „just“ an de Regionalkinoen ze gesinn ass. 'Moitié moi' ass e Film iwwer de kreative Prozess an de Versuch, Notioune vun Identitéit duerch d'Disziplin vum Danz auszedrécken. Den Tom Dockal stellt dësen Documentaire vir.

D'Kulturjoer vun Esch 2022 ass komm a gaangen an elo 2024 erbléckt ee vun de Projeten d'Liicht vum Kinosecran. Moitié moi ass de Filmprojet vum Kim El Ouardi a vum Nora Wagner, déi iwwer zwee Joer eng Trupp vu Dänzer an enger Dänzerin begleet hu. Begleet hu bei hirem Prozess, en Danzspektakel ronderëm de Sujet vun der Identitéitssich op d'Been ze stellen.

De kreative Schaafensprozess filmesch anzefänken ass en Exercice, deen am Kino scho méi dacks versicht ginn ass. Ma Moitié moi wiesselt, rutscht iergendwann an d'Thematik, dee sech d'Dänzer selwer ginn hunn. Wéi seng Identitéit opbauen. Sech als kritesch denkend Individuum opbauen a gläichzäiteg Deel vun enger Kommunautéit sinn – trotz a grad wéinst de verschiddenen Hannergrënn. Alle véier Dänzer a Dänzerin kommen an Interviewe zu Wuert, déi am Off ze héiere sinn, während een se an enger vun de Filmemaacher gebauter Szenografie sech beweege gesäit. D'Internaliséierung vum Gedanken gëtt net just vun de Kierperen no baussen hinn kanaliséiert, mee och vum Bünebild plastesch opgeschafft.

Moitié moi ass e ganz flotten essayistischen Exercice vun engem Film, an dem den dokumentaresche Geste versicht gëtt kënschtleresch opzeschaffen - am Aklang mam Sujet a senge Personnagen. Mir sinn hei natierlech wäit eweg vum soi-disant normale Kinoskascht, mee déi 44 Minutten, d'Längt vun engem Episod vun enger Serie, kann ee sech duerchaus emol ginn, wann och just nëmme schon dowéinster, alternativ lëtzebuergesch Kinospropositiounen ze ënnerstëtzen.