Lescht Woch zéng Filmer – dës Woch nees zéng Filmer. Déi aktuell Kinoswochen sinn nawell chargéiert. Eng Woch voller Festivalsfilmer, mee net nëmmen. Et ass och eng chargéiert Animatiounsfilmwoch. Den Tom Dockal mat engem Iwwerbléck.

161024 Nei am Kino 15h40

Zum Beispill packt et den neien Animatiounsfilm vum Claude Barras op de groussen Ecran. Ma vie de Courgette war ee vun de beschte Filmer vun 2016, ma elo mellt en sech zeréck mat Sauvages. Der Geschicht vun zwee Kanner an engem Urangutan, déi am Borneo am Djungel géint d'Ofholzung versichen unzekommen.

Also wa Sauvages just usazweis esou schéin ass ewéi d'Courgette, dann dréckt ee garantéiert eng Tréin eraus. Mee et ass net deen eenzegen Animatiounsfilm: The Wild Robot vun DreamWorks Animation schléit och héich Wellen a kritt fantastesch Kriticken. An da leeft nach en neie My Hero Academia-Mangafilm un, genee ewéi ewéi eng franséisch Versioun vum Film fir déi ganz Kléng Croquette – Le chat merveilleux.

Apropos Urangutan. Manner schéin ass et ze wëssen, dat een den Trump elo och nach am Kino ka gesinn. The Apprentice vum Ali Abbasi ass e Biopic vum Entrepreneur, President, verurteele Verbriecher an nees Presidentschaftskandidat Donald Trump. Vu sengen Uffänk als fils à papa, senger Relatioun zum Affekot Roy Cohn bis zu sengen Héichhäiser zu Manhattan. Et kann ee vum Film hale, wat ee wëll an et gëtt vill iwwert de Film gestridden, mee de Sebastian Stan an den Jeremy Strong si fantastesch Schauspiller.

An aneren Horrorfilm dës Woch ass d'Suite vum iwwerraschend originelle Smile vu virun zwee Joer. Smile 2 ass vum nämmlechte Realisateur gemaach.

De franséische Schauspiller Gilles Lellouche schléit no sengem flotte Le grand bain neess als Realisateur zou an huet einfach emol e bal dräi-Stonne-laange Libesfilm mam François Civil a mam Adèle Exarchopoulos an den Haaptrolle realiséiert. L'amour ouf punkt och soss mat enger grousser Distributioun an engem fetzege Soundtrack. Déi eng soen, et wier grandios, déi aner soen, et wier net auszehalen.

En anere franséische Film hat ganz am Ufank vum Joer op der Berlinale einfach emol de gëllene Léiw agesäckelt. Dahomey vum Mati Diop, erzielt a knappe 65 Minutte vum Rapatriement vu Konschtwierker aus Frankräich zeréck an de Benin erzielt. Eng Geeschterstonn, déi vu Kolonialzäit an Identitéit erzielt.

d

Dann hunn d'Fransousen nach e Bambi-Déierdocumentaire mam Mylène Farmer als Erzielerin produzéiert an di Däitsch hunn sech mat Hagen – Im Tal der Nibelungen am Fantasy-Blockbuster-Genre versicht. Et ass also nees wierklech alles mat dobäi am Kinosprogramm.